Duelem spillt nächst Saison an der 2., Pärel muss erof an déi 3. Divisioun

© Steve Beckers
Ganz Batter fir d'Ekipp vu Pärel war e fréie Réckstand an eng fréi Rout Kaart. Dat alles no mol net 15 Minutten.
Duelem kann no der 3:1 Victoire géint Pärel den Opstig an déi 2. Divisioun feieren, déi Päreler mussen iwwerdeems de battere Wee an déi 3. Divisioun untrieden.
Pärel - Duelem 1:3
0:1 Toril (12'), 1:1 J. Muller (24', Eelefmeter), 1:2 Marques Coimbra (75'), 1:3 Alissoutin (83')
Rout Kaart Pärel: Borges Da Cruz (13')

© Steve Beckers
Viru 688 Supporter waren et um Terrain Schintgespesch zu Miersch déi Duelemer, déi fréi a Féierung goe konnten. No engem Ofschloss vum Braham konnt de Stadtfeld am Päreler Gol nach paréieren, ma beim Noschoss vum Toril konnt hien de Ball just nach aus dem Filet huelen.
Nëmme kuerz duerno koum et nach méi batter fir déi Päreler, dëst well de Borges Da Cruz no enger Noutbrems an der 13. Spillminutt fréizäiteg huet missen dusche goen. Den uschléissende Fräistouss vum Toril konnt de Stadtfeld nach in extremis un d'Lat lenken.
No 20 gespillte Minutte war dunn och Pärel esou richteg geféierlech ginn. Ee Fräistouss vum Bonjean goung hei awer just op d'Lat. Déi Päreler haten duerno Blutt geleckt a kruten no 23 Minutten no engem Feeler vum Alissoutin um P. Muller een Eelefmeter zougesprach. De J. Muller hat sech dës Geleeënheet net huele gelooss a konnt sou fir den Ausgläich suergen.
Nom Téi war et iwwer wäit Strecken eng ausgeglache Partie, an där sech Pärel trotz Ënnerzuel net verstoppt hat.
Déi éischte geféierlech Aktioun nom Säitewiessel war allerdéngs fir Duelem, ma nom Marques sengem gudden Asaz am Mëttelfeld war den Toril um Enn um Stadtfeld hänke bliwwen.
Duerno hat et bis zur 75. Minutt gedauert, éiert den Arbitter op en Neits op Eelefmeter entscheet hat, dëst Kéier no engem Handspill vum Päreler Hartman. De Marques Coimbra blouf hei äiskal an huet de Ball humorlos an de Gol gesat.
D'Entscheedung gouf et duerno an der 83. Spillminutt. Den Toril hat de Ball prezis an de Strofraum gespillt, den Alissoutin stoung am Zentrum ze fräi a sou konnt Duelem dach nach den Opstig feieren.

© Steve Beckers
Nieft Heischent-Eschduerf a Schuller steet Duelem soumat als 3. Opsteiger an déi 2. Divisioun fest, fir Pärel geet et iwwerdeems erëm an déi 3. Divisioun.