Nieft eisem Nopeschland sinn och nach d'Schwäiz, Schottland an Ungarn am Grupp A vertrueden.

E Freideg fänkt d'Futtball-Europameeschterschaft an Däitschland un. Zu München kritt déi däitsch Nationalekipp et mat Schottland ze dinn. Komplettéiert gëtt de Grupp A vun Ungarn an der Schwäiz. Um Pabeier keen einfache Grupp. 
 
18 Joer nom Sommermärchen 2006 gëtt op en Neits ee grousst internationaalt Turnéier bei eisen däitschen Nopere gespillt. No schlechte Prestatiounen op der WM 2018 an 2022 war d'Stëmmung ronderëm déi däitsch Nationalekipp laang schlecht. Zanter deene béide Frëndschaftsmatcher géint Frankräich an Holland am Mäerz huet sech awer nees eng Opbrochstëmmung entwéckelt, fënnt de Co-Trainer vum däitschen Zweetligist SV Elversberg Raphael Duarte.
 
Zanter September d'lescht Joer heescht den neie staarke Mann op der däitscher Trainerbänk Julian Nagelsmann. De fréieren Trainer vu Bayern München huet ee jonken an dynamesche Kader nominéiert. Spiller wéi de Leon Goretzka oder och de Mats Hummels goufen net selektionéiert. De Raphael Duarte traut Däitschland op hirer Heem-EM vill zou.
 
Momentan gëtt et eng gréisser Diskussioun ronderëm de Manuel Neuer. Beim Golkipp vu Bayern München hu sech an der Lescht e puer Feeler ageschlach. Mam Marc-André Ter Stegen vum FC Barcelona sëtzt ee weideren top Golkipp op der däitscher Bänk.
 
Einfach dierft et fir Däitschland net ginn. Déi dräi aner Ekippe Schottland, Ungarn an d'Schwäiz hunn op deene leschten Turnéiere bewisen, datt si deene groussen Natiounen d'Liewe kënne schwéier maachen.
 
Spillplang Grupp A:
 
14. Juni: 21 Auer Däitschland - Schottland
15. Juni: 15 Auer Ungarn - Schwäiz
19. Juni: 21 Auer Schottland - Schwäiz
19. Juni: 18 Auer Däitschland - Ungarn
23. Juni: 21 Auer Schwäiz - Däitschland
23. Juni: 21 Auer Schottland - Ungarn