D'Celtics hu sech an der Nuecht op e Méindeg mat 105:98 géint d'Mavericks duerchgesat.

Dallas konnt sech trotz engem staarke Luka Doncic, deem mat 32 Punkten, 11 Rebounden an 11 Assists en Triple double gelongen ass, net duerchsetzen.

Den Doncic huet sech no der Partie enttäuscht gewisen a vun enger verpasster Chance geschwat. Um Enn hätt Dallas nëmmen e puer Kierf méi missten treffen. Hie selwer dierft awer och manner Bäll verléieren a misst méi vu senge Fräiwërf treffen.

Bei de Celtics war den Jrue Holiday mat 26 Punkte beschte Scorer. Dem Holiday selwer no wier awer den Jayson Tatum de wichtegste Mann bei Boston gewiescht. Dëse wier mat 18 Punkten, 9 Rebounden an 12 Assists de Schlëssel zum Erfolleg gewiescht.