Liichtathletik-EM zu Roum
Charline Mathias iwwer 800 Meter fir Halleffinall qualifizéiert

© RTL Archivbild
Déi 32 Joer al Mëttelstreckespezialistin koum an hirer Serie mat engem Chrono vun 2 Minutten, 2 Sekonnen a 65 Honnertstel op déi drëtte Plaz.
D'Charline Mathias ass an der zweeter vun am Ganze 4 Serië gelaf. Déi dräi Bescht aus all Serie, plus déi 4 Zäit-Bescht, hu sech fir d'Halleffinall qualifizéiert. Domat steet si elo an der Halleffinall, déi en Dënschdegmoien ausgedroe gëtt.
Am meeschte gelies