No enger staarker éischter Hallschent mat 3 Goler fir Däitschland an enger rouder Kaart fir Schottland, war de Match fréizäiteg decidéiert.

Um Freideg den Owend um 21 Auer war den Optakt vun der Futtball-EM, dëst mam Match tëscht Däitschland a Schottland an der Grupp A. Gespillt gouf zu München.

Am leschten Duell am September 2015 konnt Däitschland sech mat 3:2 behaapten. Déi lescht Victoire vu Schottland gouf et den 28. Abrëll 1999. Do hat Schottland mat 1:0 gewonnen.

De Match e Freideg den Owend gouf mat enger liichter Verspéidung ugepaff, an et war d'Heemekipp déi däitlech besser an de Match komm ass. An der 10. Minutt konnt Däitschland duerch e Gol vum Florian Wirtz mat 1:0 a Féierung goen, dat no gudder Viraarbecht vu Kroos a Kimmich. De Schoss aus ronn 16 Meter konnt de schottesche Golkipp nach un de Potto deviéieren, vu wou en awer hannert de Linn gelant ass.

An der 19. Minutt konnt de Musiala op 2:0 erhéijen, dat no enger Pass vum Havertz. E stramme Schoss aus kuerzer Distanz.

An et goung monter weider a Richtung schottesche Gol. An der 23. Minutt huet de Schidsriichter op den Eelefmeterpunkt gewisen, nodeems de Musiala gefoult gouf. D'Situatioun gouf awer nach emol vum VAR gecheckt an et gouf op Fräistouss direkt um 16-Meter-Raum decidéiert. Den Havertz huet dëse geschoss, ouni awer fir wierklech Gefor ze suergen.

An der 43. Minutt gouf e Foul um Gündogan am schottesche 16-Meter iwwerpréift vum VAR, an de Schidsriichter huet op de Punkt gewisen. De Ryan Porteous vum FC Watfort krut déi rout Kaart an et gouf en Eelefmeter fir Däitschland. Den Havertz huet sech de Ball gekroopt an op 3:0 erhéicht. Mat deem Score ass et dann och an d'Kabinne gaangen.

D'Schotten hu fir déi zweet 45 Minutte mam Adams e Stiermer erausgeholl, fir dass den Hanley an der Defense de Porteous kann ersetzen. Op däitscher Säit koum de Groß fir den Andrich an de Match, dee scho mat giel virbelaascht war. D'Schotten hu probéiert besser an de Match ze kommen, wat hinnen awer net gelongen ass. Déi Däitsch Ekipp huet nees séier d'Rudder iwwerholl, och wann déi ganz grouss Golchancen ausbliwwe sinn.

An der 63. Minutt goufen Havertz a Wirtz ausgewiesselt. Fir si koume Füllkrug a Sané an de Match. De Sané hat dann och direkt eng gutt Geleeënheet, huet awer déi néideg Entschlossenheet vermësse gelooss am Ofschloss.

An der 68. Minutt huet den Dortmunder Füllkrug et da besser gemaach a mat engem Dropkick an de Wénkel säin 1. Gol bei enger EM geschoss. Et stoung 4:0 fir Däitschland.

An der 76. Minutt huet de Füllkrug eng zweete Kéier gefeiert... allerdéngs ze fréi, well e stoung bei sengem Gol knapps am Abseits.

An der 87. Minutt haten d'schottesch Fans dunn awer nach emol Grond ze feieren. No enger Flank käppt de McKenna de Ball Richtung Mëtt, deen de Rüdiger da mam Kapp wollt degagéieren. Dee Ball ass allerdéngs an den eegene Gol gaangen an et stoung 4:1.

An der leschter Minutt vun der Nospillzäit huet dunn och nach den agewiesselten Emre Can sech an d'Scorer-Lëscht agedroen. Mat engem präzise Schoss aus 18 Meter setzt hien de Schlusspunkt vum Match, dëst mam 5:1 zu Gonschte vun Däitschland.

Grupp A: Däitschland - Schottland 5:1

1:0 Wirtz (10.)
2:0 Musiala (19.)
3:0 Havertz - Eelefmeter (45+1)
4:0 Füllkrug (68.)
4:1 Rüdiger - Selbstgoal (87.)
5:1 Can (93.)

Den nächste Match ass e Samschdeg um 15 Auer tëscht Ungarn an der Schwäiz, och am Grupp A. Um 18 Auer spille Spuenien a Kroatien aus dem Grupp B géinteneen, éier um 21 Auer dann Italien op Albanien trëfft.

Wou kuckt Dir d'Futtball-EM?