CSV an LSAP maache sech géigesäiteg responsabel

De Projet, fir e Sportsmusée am neie Quartier zu Esch-Lankelz ze bauen, fält an d‘Waasser. Eng net bebaubar Zon mécht e Stréch duerch d‘Rechnung.
De Sportsministère an d‘Escher Gemeng confirméieren, datt de Musée net um geplangte Standuert ka realiséiert ginn.
Wéi et dozou konnt kommen, do ginn d‘Meenungen auseneen.
An der Entrée vun Esch deet sech nach ëmmer net vill. Eigentlech soll zu Lankelz e grousse Quartier mat Wunnraum, Büroen, enger Sportshal an engem Sport-Musée entstoen. Op engem Deel vun den Terraine gëtt et awer e Problem:
Eng "Zone non aedificandi" nieft der Autobunn A4 kann net ëmklasséiert ginn, sou den CSV-Sportminister Georges Mischo, dofir gëtt iwwer Alternativen nogeduecht.
De Sportministere kuckt elo mol, ob et eng aner Méiglechkeet gëtt, fir de Sportsmusée op eng aner Plaz ze kréien.
Wéi am Joer 2022 bei Ponts et Chausées eng Permission de Voirie ugefrot gi wier, wier de Problem opgefall, heescht et vun de verschiddenen Acteuren.
Do stellt sech d'Fro: Firwat gouf net scho virdrun, bei der Planung, constatéiert, datt do net kéint gebaut ginn? Den haitege Sportminister a fréieren Escher Buergermeeschter Georges Mischo seet, déi entspriechend Konventioun wier nach vun der viregter rout-grénger Koalitioun ënnert der Buergermeeschtesch Vera Spautz ënnerschriwwe ginn.
2017 ass déi Konventioun tëschent dem Promoteur an der Stad Esch ënnerschriwwe ginn. Dat war den zweetleschte Gemengerot virun de Walen an do huet d'CSV an deen zukünftege Buergermeeschter vun 2017 sech enthalen, well mer d' Dokument vun där ganzer Konventioun mol keng zwielef Stonne virum Gemengerot kritt hunn.
Dono hätt et gedauert, bis d‘Pläng fäerdeg gewiescht wieren a wärend der Corona-Pandemie wieren et aner Prioritéite ginn, sou de Georges Mischo.
Eng ganz aner Vue huet d'LSAP
D‘Escher Conseillère an Deputéiert Liz Braz gesäit eng kloer Responsabilitéit beim fréiere Gemengepapp Mischo.
Am Joer 2021 wier nämlech en Avenant zur initialer Konventioun ënnerschriwwe ginn tëscht dem deemolegen LSAP-Sportminister Dan Kersch, dem fréiere liberale Finanzminister Pierre Gramegna an an dem deemolegen CSV-Buergermeeschter Georges Mischo.
Mat deem Avenant wier de Sportsmusée iwwerhaapt eréischt bei de Projet dobäi komm an d'Sportshal hätt misste geréckelt ginn
En Avenant, deen de Georges Mischo proposéiert hat, wëll nach de Sportsmusée sollt op dee Site bäikommen.
Wat awer guer net beduecht ginn ass, dee Moment vun der Gemeng Esch, déi dann awer de Bauhär ass, ass, dass dohannen déi Zone non aedificandi ass, déi net ka bebaut ginn am Moment. Virdrun, 2017, ënnert dem Vera Spautz, ass déi Zone ganz wuel berécksiichtegt ginn, do sollt nach kee Musée dohinner kommen.
Wann d‘Gemeng am Kader vum Avenant bei Ponts et Chaussées nogefrot hätt, hätt een dat wuel rausfonnt, sou d‘Liz Braz.
Souwuel d‘LSAP wéi och d‘CSV stelle sech awer prinzipiell hannert e Sportsmusée zu Esch. Do soll lo no engem neie Site gekuckt ginn. Rumeuren no kéint de Quartier „Rout Lëns“ a Fro kommen, wat awer net confirméiert ass.
Den aktuellen CSV-Buergermeeschter Christian Weis hält sech bedeckt a verweist drop, datt de Projet vun der Sportshal zu Lankels net gestuerwen ass. Lo missten déi néideg Gespréicher gefouert ginn.
Am Moment ass d'Pist, mat deenen Acteuren, wou mer Konventiounen hunn, wou mer Saachen dra gereegelt hunn, ze klären, dass mer déi Konventiounen op den neiste Wëssensstand kréien an op d'Situatioun, wéi se ass, ëmformuléiert kréien. Also ech soen elo net, dass op där Plaz eng Sportarena gebaut gëtt. Ech soen awer och net, dass op där Plaz keng gebaut gëtt, well dat elo net de Moment ass.
Et soll elo kee politesche Ball hin an hier gespillt ginn, mengt de Christian Weis weider. Natierlech hätt dat Ganzt e gewësse Retard als Konsequenz. D‘Wunnenge vum Quartier Lankels sollen iwwregens wéi geplangt gebaut ginn, sou nach de Christian Weis.