Billie Jean King Cup
Keen Opstig fir d'Lëtzebuerger Tennis-Dammen

© FLT
Fir d'Ekipp vum Anne Kremer ass d'Aventure zu Chisinau a Moldawien mat enger Defaite op en Enn gaangen.
No Victoire géint den Aserbaidjan a Montenegro an der Pool C vum Europa/Afrika Grupp III gouf et um Mëttwoch eng 0:3-Defaite géint Irland. D'Lucie Rabiot huet 0:6 a 4:6 géint d'Sinead Lohan verluer. D'Marie Weckerle (WR 569) huet sech knapp mat 6:3, 4:6 an 1:6 géint d'Céline Simunyu misse geschloe ginn. Am Dubbel hunn d'Claudine Schaul an d'Erna Brdarevic 1:6 an 1:6 géint d'Shauna Heffernan an d'Sarah Hawkshaw verluer.
Domadder sinn d'FLT-Dammen eliminéiert a kënnen net méi ëm den Opstig an den Europa/Afrika Grupp II spillen.
Am meeschte gelies