Sozial Inclusioun duerch Sport
Parallel zu der EM leeft nach eng weider Futtball-Competitioun: d'Homeless Euro 2024.
Um Heiligengeistfeld zu Hamburg, matzen an der offizieller Fan-Zone vun der UEFA, spillen Ekippen aus 8 europäesche Länner ëm den Titel vun de beschte Stroossefuttballer vun Europa.
Se kommen aus Länner wéi Rumänien, Italien oder Litauen a liewen do um Bord vun der Gesellschaft. Gepräägt vu Suchtproblemer, Aarmut oder psycheschen Erkrankungen. Ma zu Hamburg komme se beieneen an deelen hir Freed um Futtball. Mat Hëllef vum Sport maache si op schwiereg sozial Theme wéi Obdachlosegkeet opmierksam. "Futtball bréngt Leit zesummen, déi ganz ënnerschiddlech Liewen hunn, a vläicht manner Gléck hate wéi mir”, esou de Co-Organisateur Finn Graefe.
Ee vun de Spiller ass de 24 Joer jonke Patryk Bialek aus Polen. Hien huet eng Zäit laang ënnert enger Bréck gelieft.
De Patryk Bialek:
"Ech hu mäi ganzt Liewe Futtball gespillt. Mee wéi ech ugefaangen hunn, Drogen ze huelen, hunn ech opgehalen. Droge ware méi wichteg. Zanter der Therapie spillen ech awer nees. Ech kann heiansdo net gleewen, wéi ech mäi ganzt Liewe geännert hunn. Déi polnesch Ekipp huet mir och dobäi gehollef, nees zréck an de Futtball ze kommen. Soulaang ech spille kann, spillen ech weider."
Och déi aner Ekippe bestinn aus aktuellen a fréiere Sans-abrien. Véier géint véier spille si ronn 15 Minutte laang Matcher. Fir den Organisateur sti virun allem de Spaass an d’Inclusioun am Vierdergrond.
De Finn Graefe:
"De Leit einfach eng Chance ze ginn, ass schéin. Ech bewonneren hiren Team- a Sportsgeescht. Dat ass méi flott ze kucke wéi am Profi-Futtball."
Esou suerge bei dëser Homeless Euro sozial Ariichtungen a Projeten aus 8 europäesche Länner fir méi Liewensqualitéit an Integratioun duerch Sport.