Neien nationale Rekord vum Ruben Querinjean

© AFP (Archiv)
Bei engem internationale Meeting zu Léck an der Belsch ass de jonke Lëtzebuerger iwwer 3.000 Meter Steepl ee Lëtzebuerger Rekord gelaf.
De Ruben Querinjean ass e Mëttwoch den Owend bei engem internationale Meeting zu Léck an der Belsch iwwer 3.000 Meter Steeple an enger Zäit vun 8 Minutten, 22 Sekonnen a 85 Honnertstel op déi 3. Plaz komm. Deemno ass hie bal 3 Sekonnen ënnert sengem eegenen nationale Rekord bliwwen. Dem Ruben Querinjean feele fir d'A-Norm fir op Paräis nach ronn 8 Sekonnen.
D'Patrizia van der Weken huet d'100 Meter zu Léck an 11 Sekonnen an 11 Honnertstel gewonnen. Virun enger Woch war si op der EM op der staark véiert Plaz gelaf. D'Lëtzebuergerin ass jo scho sécher fir d'Olympesch Spiller qualifizéiert.
De Charel Grethen huet no Blessuren a Krankheet an der Belsch säi Comeback gefeiert. Hien ass d'1500 Meter an 3 Minutten, 37 Sekonnen an 43 Honnertstel gelaf an um Enn op déi 3. Plaz komm. Aktuell ass de Mëttelstreckeleefer nach net fir d'Olympesch Spiller qualifizéiert, ma huet awer gutt Chancen, fir et iwwert d'Weltranglëscht ze packen, sollt hien net nach déi néideg Zäit lafen.