Um zweetleschten Dag vun der Schwamm-EM zu Belgrad a Serbien ware fënnef Lëtzebuerger Schwëmmer am Asaz.

Iwwer 50 Meter Crawl konnt sech de Rémi Fabiani e Samschdeg de Moie fir d'Halleffinalle qualifizéieren. De Lëtzebuerger ass eng Zäit vun 22 Sekonnen an 22 Honnertstel geschwommen an huet sech als 11. an de Virleef fir déi nächst Ronn qualifizéiert. Hien ass mat sengem Chrono 13 Honnertstel iwwert sengem nationale Rekord bliwwen.

RTL

© FLNS

An der Halleffinall um Samschdeg den Owend huet de Fabiani d'Qualifikatioun fir d'Finall mat enger Zäit vun 22 Sekonnen a 14 Honnertstel knapp verpasst. Hien huet sech als 10. vu 16 Schwëmmer klasséiert, just déi éischt 8 qualifizéiere sech awer fir d'Finall um Sonndeg. De Lëtzebuerger ass allerdéngs ee vun zwee Reserv-Schwëmmer fir d'Finall. Den Aachte Stergios Bilas hat iwwerdeems ee Chrono vun 22.10 Sekonnen.

Nieft dem Fabiani waren och nach de Ralph Daleiden Ciuferri, de Julien Henx an de João Carneiro iwwert déi Distanz am Asaz, si hunn awer déi nächst Ronn verpasst. Fir de Ralph Daleiden Ciuferri ass et mat engem Chrono vun 22,60 Sekonnen déi 32. Plaz. De Julien Henx huet no 22,95 Sekonnen ugeschloen an ass den 52. ginn. Fir de João Carneiro war et mat enger Zäit vu 24,09 Sekonnen déi 72. Plaz ënner 74 Schwëmmer.

De Finn Kemp huet sech iwwer 200 Meter 4Nages als 28. klasséiert. Fir hien ass d'Auer no 2 Minutten, 6 Sekonnen an 22 Honnertstel stoe bliwwen.