Wichteg Victoire fir d'Belsch, Portugal steet an der Aachtelsfinall
Um Samschdeg si bei der EM an Däitschland déi lescht Matcher vum 2. Spilldag vun der Gruppephas ausgedroe ginn.
Am fréie Match hu Georgien an Tschechien 1:1 gläichgespillt, woumat béid Ekippen e Mëttwoch eng Victoire brauchen. Um 18 Auer huet Portugal sech souverän mat 3:0 géint d'Tierkei behaapt a steet domat schonn als Gruppenéischten an der Aachtelsfinall. Am Match vun 21 Auer huet d'Belsch eng ganz wichteg Victoire géint Rumänien gefeiert, soudass d'Decisiounen am Grupp E um leschte Spilldag falen.
Grupp F: Georgien - Tschechien 1:1
1:0 Mikautadze (45+3', Eelefmeter), 1:1 Schick (59')
Béid Ekippen haten hir Optaktmatcher verluer a stoungen deemno zu Hamburg ënner Drock. Tschechien huet gutt an de Match fonnt an de Mamardashvili am georgesche Gol zu dräi fréie Parade gezwongen. No 22 Minutte louch de Ball am georgesche Gol, ma den Hlozek war virdru mam Aarm drun, soudass de Gol vum VAR oferkannt gouf. Wärend Tschechien duerch schnell Kombinatiounen ëmmer rëm zu geféierlechen Aktioune komm ass, hunn d'Ëmschaltsituatioune vu Georgien géint opmierksam Tscheche kaum zu Occasioune gefouert. Kuerz virun der Paus gouf et dunn allerdéngs en Handeelefmeter fir d'Georgier, deen de Mikautadze souverän zum 1:0 verwandelt huet.
Tschechien ass am zweeten Duerchgang déi besser Ekipp bliwwen a konnt sech no 59 Minutten mam verdéngten Ausgläich belounen. No engem Kappball ass de Ball vum Potto un dem Schick seng Broscht gesprongen a vun do aus zum 1:1 an de Gol. D'Tschechen hu weider gedréckt, sinn awer eng ëm déi aner Kéier um Mamardashvili oder un der eegener Ofschlossschwächt gescheitert. Um Enn sollt et beim 1:1 bleiwen, woumat Georgien sech den éischte Punkt jeemools bei enger EM séchert. Fir awer nach eng Chance op d'Aachtelsfinall ze hunn, musse béid Ekippen hir nächst Matcher wuel gewannen.
Grupp F: Tierkei - Portugal 0:3
0:1 Silva (21'), 0:2 Akaydin (28', Selbstgol), 0:3 Fernandes (56')
D’Tierken hu sech géint den Europameeschter vun 2016 net verstoppt an haten no 5 Minutten eng gutt Geleeënheet op d’Féierung. Duerno huet de portugisesche Starensemble awer d’Kontroll iwwerholl an ass no 21 Minutten duerch de Silva a Féierung gaangen. Eng Pass vum Mendes ass vum Kökçü onglécklech deviéiert ginn, soudass de Silva um Eelefmeterpunkt eleng zum Ofschloss komm ass. Kuerz drop gouf et ee fatale Malentendu an der tierkescher Defense an eng Réckpass vum Akaydin ass zum 0:2 an den eegene Gol gerullt. D’Tierkei ass du besser ginn an hat eng Rei Occasiounen, et sollt awer mat deem Score an d’Kabinne goen.
Den zweeten Duerchgang huet ausgeglach ugefaangen, ma no 55 Minutten ass de Ronaldo no enger schéiner Pass vum Neves eleng virum Gol opgedaucht. De Superstar huet de Ball awer op de Fernandes eriwwergeluecht, deen e just nach huet missen zum 3:0 iwwer d’Linn drécken. D'Tierken hu bis zum Schluss weider matgespillt an nom Uschloss gesicht, kloer Chancen huet d'Ekipp vum Roberto Martinez awer kaum méi zougelooss. Portugal ass domat sécher als Gruppenéischte fir d'Aachtelsfinall qualifizéiert, fir de Rescht ass am Grupp F nach alles op.
Grupp E: Belsch - Rumänien 2:0
1:0 Tielemans (2'), 2:0 De Bruyne (80')
Géint d’Slowakei hat d’Belsch nach Problemer mat der Chancëverwäertung, géint Rumänien war den éischten Ofschloss vum Tielemans no 75 Sekonnen direkt dobannen. Rumänien huet sech vum fréie Réckstand onbeandrockt gewisen an huet probéiert weider couragéiert no vir ze spillen. Géint eng opmierksam belsch Ekipp, déi wéi ausgewiesselt war, sinn d’Rumänen awer kaum mol geféierlech bis an de leschten Drëttel komm. Déi belsch Offensiv ronderëm Doku, De Bruyne a Lukebakio huet der rumänescher Defense dogéint eng ëm déi aner Kéier Problemer bereet, och wann an den éischte 45 Minutten keen zweete Gol fale sollt.
No der Paus hunn d’Rumänen e puer offensiv Akzenter gesat, duerno kruten d’Spectateuren zu Köln nees eng änlech Partie wéi am éischten Duerchgang ze gesinn. De "Rouden Däiwelen" huet et virun allem u Prezisioun gefeelt, soudass de rumänesche Golkipp Nita wéineg Problemer mat den Ofschlëss vun De Bruyne a Co. hat. No 64 Minutten huet de Lukaku scho säin drëtte Gol bei dëser EM geschoss, dee vum VAR nees zréckgeholl gouf. Eng 10 Minutte viru Schluss huet den De Bruyne no engem laangen Ofstouss vum Casteels du fir den erléisenden 2:0 gesuergt. Mat dësem Resultat ass am Grupp E nach alles méiglech, all d'Ekippe ginn nämlech mat 3 Punkten an de leschte Spilldag eran.