D'Spora bleift Tabelleleader bei den Dammen a bei den Hären

© Sophie Hermes
Um Samschdeg war de 6. Spilldag vun der SEAT League, dem Interclub-Championnat am nationalen Tennis bei den Dammen an den Hären.
Bei den Häre goufen et kloer 12:0-Victoirë fir Esch géint Conter a fir Schëffleng géint Cap on Line. Donieft huet Spora sech däitlech géint Péiteng duerchgesat an Arquebusiers konnt géint Houwald gewannen.
Bei den Damme konnt Arquebusiers mam 8:0 géint Jonglënster en däitleche Succès feieren. Mam selwechte Resultat hunn iwwerdeems d'Spora Gréiwemaacher geklappt a Péiteng géint Houwald gewonnen. Beim 4:4 tëscht Bouneweg a Stengefort gouf et um Enn eng knapp Victoire fir Bouneweg.
Am Klassement bleift d'Spora bei den Hären a bei den Dammen un der Spëtzt, zweemol mat engem Punkt Avance.
Am offizielle Schreiwes vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun fannt Dir de komplette Spillplang.