En Donneschdeg zitt et d'Olympesch Flam net just duerch eng Rei Stied un der Musel, mä och op Lëtzebuerg, méi genee op Schengen.

De ganze Programm mat de geplangten Auerzäiten an Animatiounen:

Meisenthal

Den Ufank mécht d'Olympesch Flam an der franséischer Regioun Bitsch. Hei gëtt d'Flam vun 8.40 bis 9 Auer duerch d'Duerf Meisenthal gedroen, wou se ënnert anerem laanscht de Centre international d'art verrier kënnt.

Den Zentrum wäert scho vu 6 Auer u fir den Trafic gespaart sinn. Vun do u bis 16 Auer gëtt eng Deviatioun mat Roude Luuchten installéiert, fir d'Duerchfaart duerch d'Duerf z'erméiglechen. All d'Informatioune fannt Dir um Site vun der Halle Verriere.

Sarreguemines

No Meisenthal mécht sech d'Olympesch Flam op de Wee a Richtung Sarreguemines, wou de Passage tëscht 9.04 Auer an an 10.04 Auer geplangt ass. Fort geet déi 3,7 Kilometer laang Streck virum "Moulin de la Biles um 9.15 Auer", éier se virun der Gemeng ukënnt.

Och hei ass d'Duerf vu 6 Auer u just nach fir Foussgänger oder Cyclisten op. Tëscht 9 an 11 Auer dierf een dann och net méi laanscht d'Streck parken. Leit mat ageschränkter Mobilitéit kënnen awer tëscht 8 an 12 Auer um Parking vun der Esplanade des Casinos parken. Méi Detailer fannt Dir um Site vu Sarreguemines.

RTL

© Ville de Sarreguemines

Forbach

Zu Forbach passéiert d'Flam da viraussiichtlech tëscht 11.18 an 12.09 Auer. De ganzen Dag sinn hei Animatiounen, sportlech Aktivitéiten a Concerten an der Gemeng geplangt.

Déi betraffe Stroosse sinn hei en Donneschdeg tëscht 8 a 14 Auer gespaart. Scho vun e Mëttwoch u wäert et verbuede sinn, laanscht d'Streck grad ewéi op de Parkinge Jean-Eric Bousch, Schlossberg a Place Nicolas Appert ze parken. De ganze Programm fannt Dir hei.

RTL

© Mairie de Forbach

Apach - Pärel - Schengen

Am Nomëtteg kënnt d'Fakel bei den Dräilännereck. Den Duerchgang ass fir 13.10 bis 13.30 Auer geplangt a geet iwwer eng 1,2 Kilometer laang Streck vun Apach a Frankräich iwwer Pärel an Däitschland bis op Schengen zu Lëtzebuerg. An der Mëtt vun der Bréck iwwerhëlt d'Lëtzebuerger Tennisspillerin Anne Kremer d'Olympesch Flam, fir se bis op d'Place des Étoiles virum Europäesche Musée ze droen. Hei gëtt d'Flam vum Grand-Duc Henri, dem Ierfgroussherzog Guillaume an dem Prënz Louis empfaangen.

Den Trafic tëscht Apach an der däitscher Grenz, souwéi op der Streck bis op Lëtzebuerg ass tëscht 9 a 17 Auer en Donneschdeg verbueden. Doriwwer eraus gëllt e Parkverbuet fir d'Route de Trèves.

Den CR152b tëscht Schengen a Contz les Bains a Frankräich ass scho vun en Dënschdeg 22 Auer u fir den Trafic gespaart. D'N10 wäert da vun e Mëttwoch 18 Auer u gespaart sinn an den Zentrum vu Schengen ass en Donneschdeg vun 9 Auer un zou. Déi Lëtzebuerger Autoritéite roden den Automobilisten, Schengen en Donneschdeg ze evitéieren, Geschäftsleit sollen hir Liwwerungen upassen an d'Awunner si gebieden, hir Autoen net laanscht d'Stroossen an der Géigend vum Evenement ze parken.

De Passage vun der Olympescher Flam kënnt Dir am Livestream op RTL.lu kucken.

RTL

Yutz - Diddenuewen

No hirem Passage zu Lëtzebuerg gëtt d'Fakel tëscht 15.16 a 16.22 Auer vu Yutz op Diddenuewen gedroen. Zu Yutz gëtt dofir speziell en "Duerf vun der Flam" mat sëllege sportlechen Aktivitéiten installéiert, wou och lokal Bands optriede wäerten. Och zu Diddenuewen wäert et en "Olympescht Duerf" ginn, wou d'Visiteuren op der Place de la Liberté empfaange ginn. Doriwwer eraus wäerte Waassersport-Animatiounen op der Musel organiséiert ginn.

Zu Yutz wäert et tëscht 13 an 19 Auer e Fuerverbuet fir all d'Gefierer fir d'Stroossen Avenue des Nations, Rue de la République, Rue Drogon, Rue des Romains, Route d'Illange an Esplanade de la Brasserie ginn. D'Stroossen zu Diddenuewen wäerten iwwerdeem och vun 12 bis 17.30 Auer fir den Trafic gespaart sinn. Och d'Parke wäert de ganzen Dag verbuede sinn.

RTL

© Mairie de Thionville

Scy-Chazelles

Déi kleng Gemeng Scy-Chazelles, wou de Robert Schuman gebuer ass, steet och um Parcours vun der Olympescher Flam. Dës soll d'Duerf tëscht 16.49 a 17.09 Auer passéieren a geet ënnert anerem laanscht d'Place de l'Esplanade a ronderëm d'Haus vum Robert Schuman. Och hei gëtt et e volle Programm mat engem Orchester, Danzgruppen an engem Bal.

Vun en Donneschdeg 6 Auer bis e Freideg um 1 Auer dierfen och hei keng Autoe laanscht d'Rue an d'Place de l'Esplanade souwéi iwwert de  Chemin de la Frecote fueren.

RTL

© Mairie de Scy-Chazelles

Metz

Déi lescht a wichtegst Etapp vun der Olympesche Flam en Donneschdeg geet duerch den Zentrum vu Metz. Hei gëtt d'Fakel tëscht 17.56 an 19.20 Auer vun den "Arènes de Metz" iwwer d'Gare an d'Oper bis op d'Place de la République gedroen.

Dofir sinn d'Stroossen zu Metz de ganzen Nomëtteg gespaart. Besonnesch tëscht 15 an 20 Auer wäert den Trafic deels oder komplett verbuede ginn. Et wäerten awer Deviatioune ginn.

Méi Detailer zu de gespaarte Stroossen a Frankräich kënnt Dir bei eise Kolleege vum RTL Infos noliesen.