Dës Woch ass de Bob Bertemes Invité vum Jeff Kettenmeyer am Podcast "Drëtt Hallschent - De Sport-Talk".

De Liichtathlet ass aktuell an der leschter Phas vu senger Karriär a wëll bei den Olympesche Summerspiller zu Paräis fir ee gudden Ofschloss suergen. Hien erzielt iwwer verschidden Héichten, ma awer och Déiften a senger Karriär a wéi ee mat Réckschléi als Spëtzesportler ëmgeet.

Donieft geet et awer och ëm seng Pläng no der aktiver Karriär a wéi hie sech drop freet, och kierperlech kënnen ofzehuelen, fir am Alldag bei Beweegung manner séier un d'Limitt ze kommen. Am Podcast erzielt de Bob Bertemes och, wéi et fir hien zu Tokio bei Olympia war, wou et fir hie selwer net gutt gelaf ass an awer dunn d'Roll vum Equipier vum Charel Grethen direkt ugeholl huet an deem säin Exploit materlieft huet.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 158: Bob Bertemes

Déi ganz Episode vum Podcast "Drëtt Hallschent" fannt Dir wéi gewinnt op RTL Play.