Nations League
Abonnementer fir d'Partië géint Belarus, Bulgarien an Nordirland ginn an d'Vente

Vun en Dënschdeg dem 2. Juli un kann een um Site vun der FLF d'Abonnementer fir déi dräi Partië bestellen.
D'Rout Léiwen treffen den 8. September doheem op Belarus, de 15. November geet et dann am Stade de Luxembourg géint Bulgarien an dräi Deeg dono ass d'Partie géint Nordirland.
Sollten d'Abonnementer fir dës Matcher net all Verkaf ginn, esou deelt d'FLF mat, datt een an deem Fall och Dagestickete fir déi dräi Partien eenzel wäert ubidden.
Fir eng Plaz an der Kategorie 1 muss een 150 Euro bezuelen, déi an der Kategorie 2 kaschten nach 75 Euro. Kanner a Jonker, déi no 2008 gebuer sinn, bezuele just den hallwe Präis.
Am meeschte gelies