Slowenien muss sech um Méindeg den Owend no 11m-Schéissen no engem harden Kampf 0:3 géint Portugal geschloe ginn. No 120 Minutte stoung et 0:0.

Resumé Futtball-EM vum Sam Rickal

Portugal huet sech schwéier gedoe géint eng aggressiv a kompakt stoend Sloweenesch Ekipp. An der Verlängerung hat de Ronaldo d’Chance per Eelefmeter Portugal a Féierung ze schéissen, den Oblak sollt den Eelefmeter awer halen. Och de Sesko konnt eng 100 %-Chance fir Slowenien net notzen. Am Eelefmeterschéissen huet Slowenien direkt dräi mol verschoss. Portugal hat déi besser Nerven a steet an der 1/4-Finall.

Am Noperschaftsduell tëscht Frankräich an der Belsch huet sech um Enn Frankräich mat 1:0 duerchgesat. D'Ekipp Tricolore spillt an der Véirelsfinall deemno géint Portugal.

Qualifizéiert fir d'Véierelsfinalle si bis elo Däitschland, Spuenien, d'Schwäiz, England, Frankräich a Portugal.

Frankräich - Belsch 1:0

1:0 Verthongen (85' Selbstgol)

D'Ufanksphase huet de Fransouse geheiert. Griezmann a Co. hate bei weitem mei Ballbesëtz, iwwerdeems d'Belsch sech an enger eichter Phase op Defense konzentréiert huet. D'Ekipp vum Didier Dechamps huet sech an der Offensiv allerdéngs schwéier gedoe géint eng kompakt Belsch Ekipp. D'Belsch ass sengersäits no 20 Minutte besser an de Match komm an ass och direkt geféierlech ginn, dat per Fräistouss vum Kevin de Bruyne. De Maignan am Gol vun der Belsch konnt dëse Schoss awer paréieren. Kuerz dorop ass de Carrasco am Strofraum zum Schoss komm, och dëse sollt awer ofgeblockt ginn.

Dono hunn d’Fransousen nees e Gang eropgeschrauft. An der 34. Minutt koum Frankräich zu hirer beschter Chance. No enger Flank vum Koundé koum de Thuram am Strofraum fräi zum Kappball - dëse sollt awer lanscht de Gol goen, nämmlecht wéi dem Tchouameni säin Distanzschoss e puer Minutte mei spéit. Kuerz virun der Paus huet et den Tchouameni nach emol probéiert, mee och de Schoss sollt net vun Erfolleg gekréint ginn.
 
Deemno geet eng 1. Hallschent mat engem 0:0 op en Enn.

Frankräich ass besser aus de Kabinne komm an hat direkt nees eng gutt Chance duerch den opfällegen Tchouameni. D'Belsch huet sech awer net verstoppt an hat an der 61. Minutt déi grouss Chance duerch de Carrasco, de Theo huet awer inekstremis konnte klären. Frankräich huet et ëmmer nees aus der Distanz versicht, dat well d'Belsch an der Defense weider gutt stoung. An der 70. Minutt war et dunn déi grouss Chance fir de Lukaku, de Maignan konnt awer mat engem super Reflex d'Null halen. Eng weider grouss Chance gouf et an der 83. Minutt duerch de Kevin de Bruyne. De Kapitän vun de Rouden Däiwele konnt de Maignan awer op en Neits net bezwéngen.

Dat sollt sech e puer Minutte mei spéit rächen. Den agewiesselte Kolo Muani ass am Strofraum vun der Belsch un de Ball komm an huet aus der Dréiung eraus op de Gol geschoss. Säi Ball sollt nach vum Vertonghen ofgefälscht ginn, sou dass de Casteels am Gol vun der Belsch keng Chance mei hat. De Gol sollt dann och als Selbstgol gewäert ginn. Et sollt dann och den entscheedenden Gol vum Dag sinn. Frankräich klappt d'Belsch mat 1:0 a steet an der 1/4-Finall.

Portugal - Slowenien 3:0 n. E.

1:0 Ronaldo, 2:0 Fernandes, 3:0 Silva

Portugal huet quasi vun der 1. Minutt un de Wee novir gesicht. Pepe a Co. hu sech awer schwéier gedoe géint déi kompakt sloweenesch Defense. Portugal hat wuel mei Spillundeeler, huet an der Defense awer weider opmierksam misse sinn, dat well Slowenien et ëmmer nees mat schnellen Emschaltaktiounen versicht huet. Kuerz virun der Paus ass dem Joao Palhinha säi Schoss just un de Potto gaangen, sou dass et mat engem 0:0 an d’Kabinne gaangen ass.

An der zweeter Hallschent huet sech de Spectateuren zu Frankfurt een änlecht Bild gewise wei an deenen éischte 45 Minutten. Portugal war beméit sech Chancen ze kreéieren, hat awer weider Problemer sech 100%-Geleeënheeten sech eraus ze spillen. Op der anerer Säit war et virun allem de schnellen a robuste Sesko dee fir Gefor gesuergt huet. An der 61. Minutt ass de Stiermer vun RB Leipzig dem Pepe fortgelaf, huet de Ball awer däitlech laanscht de Gol gesat. Den Tempo huet dono däitlech ofgeholl. Kuerz viru Schluss hat de Ronaldo d'Féierung um Fouss leien, ass awer frei virum Gol um staarken Oblak hänke bliwwen. Deemno ass et zu Frankfurt an d'Verlängerung gaangen.

An hei krut Portugal an der 103. Minutt een Eelefmeter zougesprach, dat nodeems den Diogo Jota am Strofraum vum Drkusic gefoult gouf. De Ronaldo ass ugetrueden an huet des Chance tatsächlech leie gelooss. Säi Schoss huet den Oblak mat enger super Parad paréiert. An der 115. Minutt hat de Sesko op e Neits d'Féierung um Fouss leien, léisst déi 100% Chance awer leien, de Diogo Costa säi Fouss stoung dem Slowen am Wee, sou dass et an d’Eelefmeterschéisse gaangen ass.

Am Eelefmeterschéissen huet Slowenien direkt dräi mol verschoss. Portugal hat déi besser Nerven a steet an der 1/4-Finall. Ilicic, Balkovec a Verbic hu verginn. Bei Portugal hunn de Ronaldo, Bruno Fernandes an de Bernardo Silva getraff.