E Lëtzebuerger Spectateur, deen d'EM-Aachtelsfinall tëscht Portugal a Slowenien op Frankfurt an de Stadion kucke war, huet schockéierend Biller gefilmt.

Op deenen ass ze gesinn, wéi ee Spectateur, deen op den Terrain lafe wollt, vun de Sécherheetsleit geschloen a mat Féiss gerannt gëtt. D'Police an d'UEFA hunn allebéid och schonns reagéiert. De Video wier hinne bekannt. D'Police hätt eng Enquête lancéiert, iwwerdeems d'UEFA sot, et géif een all gewalttätegt Verhale verurteelen. Weider Kommentare wéilt een net maachen, bis d'Enquête eriwwer ass.

De Lëtzebuerger, deen eis de Video geschéckt huet, huet dësen och un d'UEFA geschéckt mat Temoignage, krut awer bis elo kee Retour.

RTL huet decidéiert, e puer Screenshotten ze publizéieren an net dee ganze Video.