Olympia-Baguetten aus Lëtzebuerger Uewen

© Image Instagram / hein_ovens_cooling
Wann d’Sportler sech an den nächste Woche bei den Olympesche Spiller eng franséisch Baguette gënnen, da kënnt déi aus engem Lëtzebuerger Uewen.
Virun dräi Wochen huet d’Stroossener Firma Hein zu Paräis an enger grousser Bäckerei een neie Bakuewen installéiert. An deem Uewe kënnen op aacht Etage – respektiv 40 Metercarré – Brout, Bréidercher, Baguetten an och Mëtsche gebak ginn. Dës Bäckerei ass den exklusive Fournisseur fir dat ganzt Olympescht Duerf.

© Instagram / hein_ovens_cooling
Och wann d’Firma Hein scho Bakuewen uechtert déi ganz Welt opgeriicht huet, ass dëse Paräisser Uewen dann awer e klenge Prestigeprojet. De Patron Ferdinand Hein ass zimmlech houfreg: “All Sportler op den Olympesche Spiller ësst moies, mëttes oder owes Brout aus engem Uewen ‘made in Luxembourg’”.