Den Tournoi virun der impressionanter Kuliss war Deel vun der 3X3 Luxembourg Tour.

Zanter Tokio gehéiert den 3X3 am Basket zu den Disziplinne vun den Olympesche Spiller an déi international Basketfederatioun setzt och an Zukunft op dës nei Spillform. Aus deem Grond wëll d'Lëtzebuerger Basketfederatioun dës nach relativ nei Disziplin och hei am Land weider no vir bréngen.

Deemno gouf den 3X3 Luxembourg Tour an d'Liewe geruff. Genee ewéi d'lescht Joer war d'Kuliss impressionant. Ronderëm d'Philharmonie waren déi fënnef 3X3-Terrainen opgeriicht ginn. 35 Ekippen a 4 Kategorien hate sech ugemellt. E bësse manner ewéi de leschte Weekend um Belval, wou d'Wieder richteg gutt war.

Den 3X3 ass beléift, och bei den LBBL-Spiller. Den Oliver Vujakovic fënnt et grad flott, e bëssen eppes Neies auszeprobéieren an net 5 géint 5 mussen ze spillen. Et wier eng Spillform, déi richteg séier wier an et wier een ëmmer an Aktioun. Perfekt fir an der Pre-Season.
 
Leider war den 3X3 bei der Philharmonie net vum gudde Wieder verwinnt. An et gouf och déi schlecht Nouvelle, dass den 3. Stopp vun der Tour zu Wolz huet missen ofgesot ginn. Et hu sech net genuch Ekippen ugemellt. Mä d'FLBB mécht weider Ustrengungen, fir den 3X3 weider no vir ze bréngen. De Chris Dentzer vun der Federatioun ass sech och sécher, dass ee weider um Dossier schafft an och sécher weidermécht, fir dat Ganzt méi interessant ze maachen.
 
Déi zwou éischt Editioune waren e gudden Ufank fir dës nach nei Spillform ënnert d'Sportler ze bréngen. D'Viraussetzunge si gutt, den Interessi ass do an d'FLBB wëll deem gerecht ginn.