E Sonndeg war op der Escher Grenz de Galamatch zu Éiere vum Dan Theis, deen den 29. Dezember 2022 am Alter vu 55 Joer verscheet war.

Hie war eng Symbolfigur vun der Escher Jeunesse, mä hie war net nëmmen do beléift, ma och allgemeng am Lëtzebuerger Futtball. Wärend dem Galamatch war d'Tribün um Terrain op der Grenz och zimmlech gutt gefëllt.

Galamatch Dan Theis / Reportage Serge Olmo

Um Terrain ware vill al Bekannter wéi Denis Scuto, Dan Da Mota, Patrick Morocutti, Kim Kintziger, Manu Schauls, Theo Scholten, Philippe Feltgen a vill aner fréier Gloirë vum Lëtzebuerger Futtball. D'Spiller haten all dem Dan Theis seng beléiften Nummer 11 um Trikot.

Gecoacht hunn d'Erfollegstrainere vun der Jeunesse, den Alex Pecqueur an de Jhemp Barboni. De Match gouf vum fréieren Top-Arbitter Alain Hamer geleet.

RTL

© Val Wagner

"Den Décken", ewéi den Dan Theis mat vill Sympathie genannt gouf, war als Spiller an Trainer mat 100 Prozent Engagement ënnerwee, dëst bei der Escher Jeunesse awer net nëmmen do. Als Spiller gouf hie 7 Mol Champion mat de Schwaarz-Wäissen a konnt 3 Mol d'Coupe gewannen.

Den Dan Theis huet déi meescht Goler iwwerhaapt geschoss fir d'Jeunesse. Eng aner Jeunesse-Legend, de Spiller, deen déi meescht Matcher fir d'Jeunesse gespillt huet, den Denis Scuto schwätzt iwwer säi schwaarz-wäisse Kolleeg.

"Den Dan war d'Jeunesse, ech mengen hien huet fir d'Jeunesse gelieft, hien huet ëmmer alles ginn, bon, fir mech bedeit et ganz vill, well mir hunn, ech si vläicht ee vun deenen, deen am längste mat him gespillt huet, praktesch seng ganz Karriär, déi e bei der Jeunesse gemaach huet, hu mer zesumme gespillt, an et war wierklech een, deen ëmmer d'Ekipp matgerappt huet, a wierklech e Virbild war, dofir sinn ech wierklech frou, datt dee Gala hei zustane komm ass, an et ass wichteg, u sou Leit wéi hien ze erënneren."

Den Dan Theis huet 35 Mol fir d'Rout Léiwe gespillt. Ganz laang huet hien dru geknat, datt hien an der EM-Qualifikatioun am Joer 1998 en Eelefmeter géint England ratéiert hat.

Och als Trainer war den Dan Theis bei der Jeunesse. Donieft war hien och U19-Trainer bei der FLF.

Hie war vun der Long op d'Zong als Spiller, Trainer oder och mat eis vun der Press, mee huet de Ball gespillt an net de Mann.

Beim Vëlofueren hat den Dan Theis e ganz schroen Häerzinfarkt gemaach a war no méintelaangem Openthalt am Spidol den 29. Dezember 2022 verscheet. De Jhemp Barboni, säi fréiere Matspiller, Trainer a President bei der Jeunesse vermësst hien.

"Den Dan huet fir de Futtball gelieft a fir seng Famill mengen ech. An e feelt sécherlech. Et wär flott gewiescht, wann, e war jo Trainer hei vun der éischter Ekipp, wann e vläicht nach eng Kéier d'Chance kritt hätt, nach eng Kéier Trainer ze ginn. Mee souwäit ass et leider net komm. Mee e wäert ëmmer ee vun eis bleiwen an och ëmmer, seng Persoun wäert ëmmer hei present sinn um Terrain."

RTL

© Val Wagner

Et hunn um Galamatch a Presenz vum Sportminister Georges Mischo zwou gemëschten Ekippe géintenee gespillt. An der Paus vum Match gouf a Presenz vum Dan Theis senger Fra e Scheck un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht.