Hiefenech trëfft op Mamer, Lousgléck fir Bartreng an d'Pikes

© Emile Mentz
Um Donneschdeg huet d'FLBB den éischten Tour vun der Coupe bei den Häre fir d'Saison 2024/25 geloust.
An der "Loterie Nationale Coupe de Luxembourg" stinn an de 1/16-Finallen insgesamt 10 Matcher um Programm, dobäi kënnt et zu engem Duell tëschent Ekippen aus der LBBL, den Opsteiger Hiefenech trëfft op Mamer.
Den zweeten Opsteiger Mondorf muss auswäerts bei de Kordall Steelers aus der Nationale 2 untrieden. Bartreng an d'Musel Pikes ginn als grousse Favorit an d'Matcher géint e Géigner aus der drëtter Divisioun.
Am Iwwerbléck:
Loterie Nationale Coupe de Luxembourg (1/16-Finallen)
Cedars ODER Les Sangliers Wolz (+20) - Sparta Bartreng
East Side Pirates ODER BBC Dikrech (+10) - AS Zolwer
North Fox Clierf (+20) - Musel Pikes
Telstar Hesper (+10) - Racing Lëtzebuerg
Rebound Préizerdall (+10) - Hedgehogs Bascharage
US Hiefenech - Mambra Mamer
Black Star Miersch - Nitia Beetebuerg
Black Frogs Schieren (+10) - AB Contern
Gréngewald Hueschtert - BC Mess
Kordall Steelers (+10) - Avanti Mondorf
Déi stäerkste sechs Ekippe vum Championnat 2024/24 (Amicale Steesel, T71 Diddeleng, Basket Esch, Résidence Walfer, Arantia Fiels an d'Etzella Ettelbréck) stinn direkt an der Aachtelsfinall. D'Matcher ginn de 25. a 26. September gespillt.
Am “Lalux Ladies Cup" bei den Damme geet et opgrond vun der niddreger Unzuel vun Ekippen direkt mat den Aachtelsfinallen un, déi Mëtt Oktober um Programm stinn, hei goufen d'Matcher nach net geloust.