Wärend den Olympesche SpillerStudentenheem gëtt zum "Hotel" fir Lëtzebuerger Supporter an Offizieller

RTL Lëtzebuerg
Déi kuerz Distanz zu Lëtzebuerg huet vill Awunner aus dem Grand-Duché op Paräis gelackelt. Deemno ass elo vill Betrib an der Fondatioun Biermans-Lapôtre.

Déi groussherzoglech Koppel war wärend den Olympesche Spiller op Visitt an der Fondatioun Biermans-Lapôtre, dem Studentenheem fir Belsch a Lëtzebuerger Studenten. Hei ginn den Ament 51 Zëmmer besat vu Leit aus dem Grand-Duché, déi extra fir d’Olympesch Spiller an déi franséisch Haaptstad komm sinn.

Nieft Memberen a Mataarbechter vun de Lëtzebuerger Sportfederatiounen an dem Comité Olympique kommen an der Studente-Residenz och Familljemembere vun Athleten, Fans a Membere vun der Press ënner.

E Bléck an d’Fondatioun Biermans-Lapôtre

Déi kuerz Distanz zu Lëtzebuerg huet vill Awunner aus dem Grand-Duché op Paräis gelackelt. Wärend den Olympesche Spiller ass dohier vill Betrib an der Fondatioun Biermans-Lapôtre. All Dag kommen nei Gesiichter aus Lëtzebuerg un. Virun allem wéinst dem Präis vun den Iwwernuechtungen: An der Moyenne bezilt ee fir eng Nuecht an engem Zëmmer mat 3 Better ronn 200 Euro.

Fir d’Rentrée soll d’Residenz dann nees ronn 500 Belsch a Lëtzebuerger Studenten ophuelen. Bis dohin awer dréint sech alles ronderëm dat gréisst Sportevent vun der Welt.

Lëtzebuerger Studentenheem zu Paräis erfreet sech grousser Beléiftheet bei Fans
An der Fondatioun Biermans-Lapôtre, dem Studentenheem fir Belsch a Lëtzebuerger Studenten, ginn den Ament 51 Zëmmer besat vu Leit aus dem Grand-Duché.

Back to Top
CIM LOGO