An der zweeter Qualifikatiounsronn fir d'Conference League konnt sech och en Donneschdeg keng vun den zwou verbleiwende Lëtzebuerger Ekippe behaapten.

Dem Progrès Nidderkuer ass eng 1:0-Victoire géint den IF Djurgardens am Retourmatch net duergaangen, fir an déi 3. Ronn anzezéien. Zwar war ee virun den eegene Spectateure schonn no dräi Minutten a Féierung gaangen an och vun der 36. Minutt un an Iwwerzuel, um Enn sollt et awer net duergoen, den 0:3-Réckstand aus dem Allersmatch ophuelen ze kënnen.

Fir den FC Déifferdeng ass déi europäesch Rees no enger dramatescher Schlussphas géint Ordabasy Shymkent eriwwer. Nom 1:0-Succès am Allersmatch gouf et am Retourmatch en Donneschdeg eng 3:4-Defaite no der Verlängerung, duerch déi d'Decisioun am Eelefmeterschéisse gefall ass. Hei hat de kasachesche Club d'Iwwerhand.

Den F91 Diddeleng gouf e Mëttwoch no enger weiderer héijer Defaite géint de BK Häcken aus Schweden eliminéiert.

Nidderkuer - Djurgardens IF 1:0

1:0 Karamoko (3')

Fir de Progrès Nidderkuer war d'Aufgab no der 0:3-Defaite aus dem Allersmatch net grad eng einfach. Um Terrain zu Uewerkuer huet viru gutt gefëllten Tribünen alles misse passen an deem war sech de Progrès och bewosst. No nëmmen dräi Minutte war et de Kapitän Hamadou Karamoko, deen de Fouss no engem Corner dohigehalen huet an op 1:0 stelle konnt. Am weidere Spillverlaf war et dann e Match op Aenhéicht. No 36 Minutten koum et fir déi Nidderkuerer Lokalekipp dann awer nach besser, wéi de Jacob Larsson déi Rout Kaart gesinn huet. De schwedeschen Defenseur hat den op de Gol lafende Sofiane Daham zum Fale bruecht an domat eng gutt Chance als leschte Mann verhënnert.

Nom Säitewiessel hu sech béid Ekippe ufanks weider net vill ofgeholl. Et gouf vill ëm de Ball gekämpft an de Progrès huet ëmmer nees offensiv Aktioune gesicht. Déi bescht Chance op den 2:0 hat an der 59. Minutt de Sofiane Daham, deen awer nëmmen de Potto getraff huet. Mat enger hëtzeger Stëmmung, virun allem och duerch déi vill matgereest schweedesch Supporter, ass et lues a lues an d'Schlussphas eragaangen. Den Drock op de Progrès ass ëmmer méi grouss ginn, de Ball wollt awer einfach net eng zweete Kéier an de géigneresche Gol. No 90 Minutten huet den Arbitter d'Partie beim Stand vun 1:0 ofgepaff an domat den Out vum Progrès besigelt.

Ordabasy Shymkent - Déifferdeng 4:3 (n.V.) (5:3 no Eelefmeter)

0:1 Trani (2'), 1:1 Brusco (24'), 2:1 Tagybergen (55'), 2:2 Jorginho (59'), 3:2 Sadovski (82'), 4:2 Tursynbay (117'), 4:3 Jorginho (120') 

Am kasachesche Shymkent konnten d'Gäscht aus Lëtzebuerg schonn no zwou Minutte fréi mat 1:0 a Féierung goen. En ongléckleche Selbstgol huet de Match an der 24. Minutt dann awer nees egaliséiert. Zéng Minutten nom Säitewiessel ass et der Lokalekipp da gelonge selwer a Féierung ze goen an den Drock op déi Déifferdenger ze erhéijen. Allerdéngs hunn déi nëmme véier Minutte méi spéit déi perfekt Äntwert ginn an nees op 2:2 ausgeglach. An der Schlussphas hunn d'Haushären alles probéiert an dobäi den 3:2 geschoss, mat deem et an d'Verlängerung gaangen ass. D'Decisioun sollt also réischt no der regulärer Spillzäit falen.

Hei war Déifferdeng da vun der 105. Minutt un nëmmen nach zu Zéng. De Leandro Borges hat een Eelefmeter verursaacht an huet dobäi seng zweet Giel Kaart gesinn. Vum Punkt konnten d'Haushären allerdéngs net op 4:2 stellen. An enger dramatescher Schlussphas ass Shymkent dann awer de Gol fir den decisive 4:2 gelongen, ma och domat sollt d'Saach nach net giess sinn. De Jorginho huet Déifferdeng mam 3:4 an der 120. Minutt an d'Eelefmeterschéisse gerett. Hei haten d'Gäscht allerdéngs dann ee Mol méi verschoss a sou ass déi europäesch Rees duerch en 3:5 no den Eelefmeter op en Enn gaangen.