Yusuf DikecTierkeschen Athlet geet mat sengem lässege Stil viral an de soziale Medien

RTL Lëtzebuerg
Duerch säin Optrëtt an der Olympia-Finall mat der Loftpistoul huet de Yusuf Dikec nawell fir vill Opmierksamkeet gesuergt.
© Alain JOCARD / AFP

Normalerweis sinn d’Athleten am Sportschéissen ëmmer mat zimmlech vill Utensilien equipéiert. Sou z.B. mat engem spezielle Brëll, bei deem een Aen ofgedeckt gëtt, an dat anert duerch eng speziell Lëns ënnerstëtzt gëtt. Da kommen nach Kapen oder soss Utensilien an den Asaz, fir dass keng Luucht aus dem falsche Wénkel op d’Aen trëfft. Zu gudder Lescht dann nach speziell Ouereschützer, fir déi voll Konzentratioun op de Schoss ze garantéieren.

Alles dat huet de Yusuf Dikec an der Mixed-Finall mat senger Partnerin Sevval Ilayda Tarhan net gebraucht. En hat just en normale Brëll op, grad ewéi normal Ouerestëpp un... dobäi eng Hand relax an der Boxentäsch.

Et huet net laang gedauert, bis hien an de soziale Medie fir säi relaxe Stil gefeiert gouf, a séier gouf de Verglach mam James Bond gemaach. “Säin Numm ass Dikec, Yusuf Dikec”, gouf méi wéi eng Kéier getwittert.

Den Dikec ass 51 Joer al a pensionéierten Ënneroffizéier an der tierkescher Gendarmerie. Hie war 2012 an 2016 scho bei den Olympesche Spiller fir d’Tierkei ugetrueden. Ma eréischt dëst Joer ass et him gelongen, eng Medail ze gewannen, déi sëlwer, fir genee ze sinn.

Gold goung iwwerdeem un de serbeschen Duo Mikec a Zorana Arunovic.

Nodeems e sou gefeiert gouf an de soziale Medien, huet hie sech dann och zu Wuert gemellt a gemengt, hie géif all dat Spezial-Equipement net brauchen. Hie géif seng natierlech Positioun anhuelen a schéissen. “I’m a natural shooter”.

Back to Top
CIM LOGO