Den Niclas Füllkrug schéngt an d'Premier League ze wiesselen

© AFP
Den däitschen Nationalspiller war eréischt déi lescht Saison vu Werder Bremen bei Borussia Dortmund gewiesselt.
Den 31 Joer ale Stiermer gouf elo vum Veräin vum Trainingslager zu Bad Ragaz an der Schwäiz fräigestallt, fir Gespréicher mat engem anere Veräin féieren ze kënnen.
Et schéint hien an d'Premier League ze zéien, méi genee bei West Ham United. Dat mellen op alle Fall verschidde Medien, souwuel an Däitschland, wéi och op der Insel.
Rieds ass vun enger fixer Transfertzomm vu 27 Milliounen Euro, plus e Bonus vu bis zu 5 Milliounen Euro. Eigentlech huet de Füllkrug nach e Kontrakt bis 2026 bei Borussia Dortmund.
De Stiermer huet d'Annonce vun der Verflichtung vum Serhou Guirassy vum VfB Stuttgart net appreciéiert.