TennisZheng Qinweng séchert sech iwwerraschend Gold

RTL Lëtzebuerg
An enger Finall mat méi onbekannte Gesiichter huet sech d'Chineesin Zheng géint d'Kroatin Donna Vekic duerchgesat.
© AFP

Bei den Damme gewënnt d’Zheng Qinweng am Tennis eng weider Goldmedail fir China. Si huet am Stade Philippe Chatrier op Sand kloer 6:2 a 6:3 géint d’Donna Vekic gewonnen. D’Chineesin, déi op Nummer 6 gesat war, hat an der Halleffinall d’Nummer 1 vun der Welt, d’Polin Iga Swiatek, erausgehäit.

Am Spill ëm d’Bronzemedail hat sech d’Iga Swiatek e Freideg mat 6:2 a 6:1 géint d’Slowakin Anna Schmiedlova duerchgesat.

Am Dubbel bei den Häre goung d’Goldmedail un den Duo Matthew Ebden/John Peers aus Australien, déi sech an engem spannende Match eréischt am Tiebreak 6:7, 7:6 an 10:8 géint d’Amerikaner Austin Krajicek/Rajeev Ram duerchsetze konnten.

Bronze goung un den amerikaneschen Duo Fritz/Paul, déi sech 6:3 a 6:4 géint d’Tschechen Machac/Pavlasek behaapt hunn.

LINK: Hei kommt Dir op de kompletten Olympia-Dossier mat Artikelen, Videoen, Interviewen a Fotoen.

Back to Top
CIM LOGO