An enger héichklasseger Finall huet de Fan Zhendong sech mat 4:1 géint den Truls Moregard aus Schweden duerchgesat.

De Schweed hat den éischte Saz 11:7 fir sech entscheet. De chineesesche Weltmeeschter huet säi Spill awer verbessert an déi nächst zwee Sätz mat 11:9 gewonnen. De Moregard huet alles ginn, mee de Chinees war einfach ze staark. Och déi nächst 2 Sätz gounge mat 11:8 an 11:8 un d'Nummer 1. De Schweed däerf sech awer iwwer Sëlwer freeën.

An de Partie ëm d'Bronzemedail huet de Lokalmatador Felix Lebrun sech kloer mat 4:0 géint de Brasilianer Hugo Calderano behaapt. De 17 Joer ale Fransous huet an de Sätz mat 11:6, 12:10, 11:7 an 11:6 d'Iwwerhand behalen.

Bei den Damme gouf et eng reng chineesesch Finall. D'Nummer 1 Sun Yingsha huet awer iwwerraschend mat 2:4 géint d'Nummer 2 Chen Meng verluer. Am zweeten Tour hat Sun Yingsha géint Ni Xia Liang d'Iwwerhand behalen. Bronzemedail goung un d'Japanerin Hina Hayata. Si hat mat 4:2 géint d'Koreanerin Shin Yubin gewonnen.