Donieft hu sech Wolz a Rouspert 3 Punkte geséchert. En 1:1-Remis gouf et tëscht der Jeunesse a Munneref.

Um Sonndeg stoung d'Suite vum 1. Spilldag vun der neier Saison um Programm.

Resumé 1. Spilldag BGL Ligue / Reportage Gilles Tricca

An do gouf et e klore 4:0-Erfolleg fir Hesper géint Péiteng.

Béid Ekippen hate Schwieregkeeten an de Match ze fannen. Lues a lues huet sech Hesper awer an der Hallschent vu Péiteng festgesat a goung an der 23. Minutt duerch de Stolz a Féierung. Péiteng huet awer weider dogéint gehalen, konnt awer bis an d'Paus kee Gol markéieren.

Nom Säitewiessel huet Péiteng awer geschlof an direkt zwee Goler kasséiert. De Correia an de Sinani hunn de Virsprong op 3:0 geschrauft. An der Suite huet d'Lokalekipp den Tempo aus der Partie geholl an d'Gäscht konnten net méi richteg dogéint halen. De Schmid huet mat sengem Gol den Deckel op d'Partie gemaach.

Den F91 huet sech mat 3:0 zu Beetebuerg duerchgesat.

D'Gäscht haten an der 1. Hallschent vill Ballbesëtz, hunn awer an enger éischter Phas net dovu profitéiert. Den éischte Gol ass fir de Favorit réischt an der 35. Minutt duerch de Flick gefall. Nom Säitewiessel  huet de Bah séier fir d'Virentscheedung gesuergt an den 2:0 markéiert. Beetebuerg huet net opginn, 8 Minutte viru Schluss awer och nach den drëtte Géigegol duerch den Hadji agestach. Um Enn war d'Victoire fir den F91 och an där Héicht verdéngt.

Um Samschdeg gouf et schonns en 1:1-Remis tëscht Rodange an dem Racing.

D’Futtballmatcher an der BGL Ligue ginn dës Saison net méi am Livestream op RTL.lu an der Live Arena iwwerdroen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

Hueschtert - Wolz 3:4

0:1 Saidi (20'), 0:2 Romeyns (32'), 0:3 Rodrigues Da Costa (52'), 1:3 Avdusinovic (70'), 2:3 Moroz (72'), 2:4 Romeyns (78'), 3:4 Avdusinovic (85')

Rouspert - Fola 1:0

1:0 Marques (80')
 
Beetebuerg - F91 0:3

0:1 Flick (35'), 0:2 Bah (55'), 0:3 Hadji (82')

Jeunesse Esch - Munneref 1:1

1:0 Muric (44'), 1:1 Neves Da Costa (Costinha) (88')

Hesper - Péiteng 4:0
1:0 Stolz (23'), 2:0 Correia (47'), 3:0 Sinani (50'), 4:0 Schmid (82')

Monnerech - Progrès 0:2

0:1 Karayer (65'), 0:2 Mixtur (73', Eelefmeter)

Rodange - Racing 1:1
1:0 Monteiro Lima (27'), 1:1 Ikene (86')