"Ech si ganz zefridden, et ass eng enorm, enorm Stëmmung"




















































































































































































































































































































Mam Vera Hoffmann ass en Dënschdeg de Moien déi lescht Lëtzebuerger Athleetin zu Paräis un den Depart gaangen.
Op den Olympesche Spiller zu Paräis ass d'Vera Hoffmann iwwer 1500 Meter am 1. Virlaf op déi 12. vu 15 Plaze komm. D'Lëtzebuergerin ass en Dënschdeg de Moien a 4 Minutten, 7 Sekonnen a 64 Honnertstel knapp 2 Sekonnen iwwer hirem mationale Rekord bliwwen.
No der Course huet sech d'Vera Hoffmann zefridde mat hirer Leeschtung gewisen. D'Zil wier et gewiescht, roueg ze bleiwen, sou vill wéi méiglech bannen ze lafen, bis zum Schluss duerchzezéien an nach emol Gas kënnen ze ginn. An dee Courseplang hätt si gutt hikritt, sou d'Lëtzebuergerin am RTL-Interview.
"Weess nach net sou ganz genau, wat ech dovun hale soll"
Fir d'Vera Hoffmann ass et net duergaangen, fir direkt an d'Halleffinallen ze kommen. Si ass awer am Repechage. An déi Course ass e Mëttwoch um 12.45 Auer. Datt et e Repechage gëtt, ass éischter ongewinnt an d'Vera Hoffmann wéisst nach net ganz genee, wat si dovunner hale soll. Fir Leeferinnen, déi méi wäit vir sinn, wier et scho schwéier, well et eng Course méi wier, ma fir si perséinlech wier et gutt, well si domadder zweemol op der olympescher Bün kéint stoen.
"Et ass eng enorm, enorm Stëmmung"
D'Stëmmung en Dënschdeg de Moien am Stadion wier enorm gewiescht. Duerch d'Erfarung vum Virlaf, geet d'Vera Hoffmann dovunner aus, datt si e Mëttwoch e Krack méi roueg wäert an d'Course goen an da géingen d'Kaarten nach emol nei gemëscht ginn.