Petz Lahure fir méi wéi 10 Olympesch Spiller geéiert
































De President vun der Lëtzebuerger Sportspress, Petz Lahure, gouf am Kader vun de Festivitéiten vun 100 Joer international Sportspress geéiert.
Hien ass Deel vu Journalisten, déi méi wéi 10 Olympesch Spiller suivéiert hunn. Fir de Petz Lahure sinn et der souguer am Ganzen 15, 11 am Summer a 4 am Wanter. Déi éischt huet hien 1972 zu München als Journalist erlieft. Zanter 1998 ass den Tageblatt-Journalist President vun der Lëtzebuerger Sportspress. Am RTL-Interview huet hien ënnert anerem gesot, wat him dës Éierung haut bedeit huet, wat fir hien déi schéinsten Olympesch Spiller waren an datt säi gréisste Wonsch wier matzëerliewen, sollt d'Patrizia van der Weken 2028 zu Los Angeles an eng Olympesch Finall iwwer 100 Meter kommen.
Bei der Éierung waren eng Partie fréier Staren aus dem internationale Sport dobäi, dorënner och d'Nadia Comaneci. Déi vläicht gréissten Turnerin vun allen Zäiten huet RTL géintiwwer ganz sympathesch Wierder fir de Petz Lahure fonnt.