"Dat war mega dat Gefill, ech hat mer dat éierlech gesot net erwaart"

Déi franséisch Härennationalekipp am Volleyball konnt sech e Samschdeg op den Olympesche Spiller zu Paräis iwwer Gold freeën.
Si hunn d'Finall géint Polen mat 3:0 fir sech entscheet. Mat dobäi war och eng Lëtzebuerger Arbittesch.
D'Carole Hepp ass normalerweis als Volleyball-Arbittesch am nationalen an am franséische Championnat ënnerwee. Bei den Olympesche Spiller hat d'Lëtzebuergerin awer elo eng aner Funktioun.
Si war als Marqueur dobäi an huet also den digitale Spillbou geréiert, esou wéi och nach divers aner Saachen. Eng wichteg Aufgab, fir am Match den Iwwerbléck ze behalen. Dass si konnt an der Finall dobäi sinn, war fir d'Carole Hepp ee besonnescht Erliefnes, wéi si eis am Interview verroden huet.
D'Volleyball-Arbittesch war fir déi éischt Kéier an hirem Liewe bei Olympesche Spiller live dobäi a war net nëmme vun der immenser Stëmmung beim Volleyball impressionéiert, mee och vun deene ville schéine Sitten, déi zu Paräis fir déi divers Kompetitiounen ausgewielt an opgeriicht goufen.
