No enger equilibréierter 1. Hallschent huet Norwegen sech am zweeten Duerchgang ofgesat a sech um Enn kloer mat 29:21 géint Frankräich duerchgesat.

Norwegen ass nervös an de Match gestart a louch séier mat 0:3 an 1:4 hannen. No 5 Minutten hu sech d'Skandinavierinnen awer gefaangen a si beim 3:4 op ee Gol erukomm. No knapp 9 Minutte war de Match beim 4:4 nees ausgeglach. An der Suite ass et hin an hir gaangen an d'Partie war intensiv an equilibréiert. No 25 Minutte stoung et 11:11 gläich. Frankräich huet dono awer bëssen nogelooss an d'Säite si mat engem 15:13 fir Norwegen gewiesselt ginn.

Nom Säitewiessel huet Norwegen do weidergemaach, wou d'Ekipp aus dem Norden opgehalen hat a konnt de Virsprong lues awer sécher vergréisseren. D'Ofwier vu Frankräich ass net méi an Dueller komm, esou datt et no 47 Minutten 23:17 fir Norwegen stoung. Frankräich koum bis 7 Minutte viru Schluss nach emol op 4 Goler erun. Norwegen huet dono den Tempo awer nees erhéicht a konnt sech mat 29:21 duerchsetzen. D'Goldmedail goung deemno u Norwegen, Frankräich konnt sech iwwer Sëlwer freeën.

Dänemark huet sech mat enger 30:25-Victoire géint Schweden d'Bronzemedail geséchert.