Däitsch Futtballwelt am Trauer
De Willi Lemke ass dout

De bekannte fréiere Manager vu Werder Bremen, de Willi Lemke, ass um Dënschdeg am Alter vu 77 Joer gestuerwen.
Vun 1981 bis 1999 stoung de Lemke beim Traditiounsveräin aus dem Norde vun Däitschland an der sportlecher Responsabilitéit, ier hie bis 2016 Deel vum Aufsichtsrat vum däitsche Bundesligist war.
Bekannt war de Willi Lemke nieft sengen Transferten och fir seng Rivalitéit mam fréiere Bayern-Boss Uli Hoeneß wärend den 80er- an 90er-Joren.
Am meeschte gelies