14 Ekippe kämpfen nach ëm déi lescht Plazen

RB Salzburg konnt sech géint den FC Twente Enschede behaapten. / © Marcel van Dorst / NurPhoto / NurPhoto via AFP
An der Qualifikatioun fir d'Champions League waren en Dënschdeg d'Retourmatcher vum 3. Tour.
Do bleiwen elo just nach 14 Ekippen, déi sech a 7 Playoff-Matcher ëm eng Plaz am neie Liga-Modus streiden.
Ënnert anerem kritt Dynamo Kiew et mat RB Salzburg ze dinn. Slavia Prag huet d'Union St. Gilloise mam Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris eliminéiert an trëfft elo op Lille.
An d'Norweger vu Bodo Glimt kréien et mat Belgrad ze dinn.
Playoff-Matcher an der Iwwersiicht
Young Boys Bern - Galatasaray SK
Dinamo Zagreb - Qarabag Agdam
FC Midtjylland - Slovan Bratislava
FK Bodö/Glimt - Roter Stern Belgrad
Malmö FF - Sparta Prag
Lille OSC - Slavia Prag
Dynamo Kiew - RB Salzburg