Real Madrid huet sech no enger gudder 2. Hallschent verdéngt mat 2:0 géint Atalanta Bergamo duerchgesat.

Ronn 60.000 Spectateuren hunn zu Warschau an den éischte 45 Minutten eng Partie mat wéinege Méiglechkeeten tëscht Real Madrid an Atalanta Bergamo gesinn.

De Resumé vum Uefa-Supercup / Reportage Guy Seyler

Nodeems d'Italieener an der 2. Hallschent déi éischt grouss Chance haten, hunn d'Spuenier méi konsequent no vir gespillt a bannent 9 Minutten zwee Goler markéiert. Et war d'Virentscheedung an enger Partie an där den Mbappé direkt den éischte Gol fir säin neie Veräin markéiert huet. Et ass de 6. Supercup-Titel fir Real Madrid.

Real Madrid - Atalanta Bergamo 2:0
1:0 Valverde (59'), 2:0 Mbappé (68')

Et war e rouegen Optakt an d'Partie an et huet ee béiden Ekippen ugemierkt, datt et den éischten offizielle Match vun der Saison war. Op Säite vun de Spuenier war den neie Spiller Mbappé direkt vun Ufank un um Terrain. An der 15. Minutt hat de franséische Stiermer och direkt déi éischt Chance. Säi Schoss aus kuerzer Distanz gouf awer geblockt.

No der Véierelsstonn, an där Real liicht méi vun der Partie hat, ass Atalanta duerch héije Pressing besser an de Match komm. An der 25. Minutt goung eng ofgefälschte Flank vum de Roon op d'Lat, kuerz drop huet den Ederson aus der Distanz driwwer geschoss. D'Spuenier hunn elo ze vill Feeler am Spillopbau gemaach, d'Italieener konnten awer net dovu profitéieren. Kuerz virun der Paus hätt de Rodrygo de Real bal a Féierung bruecht, säi Schoss aus gudder Positioun goung awer nëmmen op d'Lat. D'Säite sinn dono mam 0:0 gewiesselt ginn.

Déi 2. Hallschent huet mat vill Tempo ugefaangen. Fir d'éischt goung dem Mbappé säi Schoss driwwer. Op der anerer Säit huet de Courtois e Kappball vum Pasalic mat enger schéiner Parad a Corner deviéiert. Béid Ekippen hu mat méi Konsequenz no vir gespillt. An der 59. Minutt konnt sech Real Madrid belounen. De Vinicius jr. huet sech iwwer lénks duerchgesat an op de Valverde an der Mëtt gepasst. Deen huet de Ball just nach missen an den eidele Gol drécken.

Atalanta war elo vum Rullo an de Musso am Gol huet mat zwou Parade géint de Vinicius an de Bellingham den zweete Géigegol verhënnert. An der 66. Minutt ass de Bellingham op en Neits um Musso hänke bliwwen. Zwou Minutte méi spéit huet den Englänner den Mbappé am Strofraum fonnt, deen den 2:0 markéiere konnt. Atalanta huet zwar nach probéiert, no vir ze spillen, an hat nach déi eng oder aner méi kleng Geleeënheet, um Enn sollt Real Madrid verdéngt mat 2:0 gewannen. Den éischten Titel vun der Saison geet domadder un den aktuellen Champions-League-Gewënner. Atalanta huet laang dogéint gehalen, konnt awer net un de Succès an der Europa League uknäppen.

Déi bescht Zeenen aus den 90 Minutten
Real huet Atalanta mat 2:0 geklappt.