Nations League
Tickete fir de Match Nordirland géint Lëtzebuerg elo am Verkaf

© Val Wagner (Archiv)
D'Rout Léiwe spillen de 5. September auswäerts an Nordirland. De Verkaf leeft bis de 27. August. Een Ticket kascht ëmgerechent ronn 45 Euro.
Wéi déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun en Donneschdeg matdeelt, sinn d'Tickete fir déi éischt Partie an der neier Nations-League-Campagne elo offiziell am Verkaf.
Donieft sinn och nach weiderhin Abonnementer fir déi dräi Heemmatcher an der Nations League ze kréien. D'Ekipp vum Luc Holtz spillt hir éischt Partie am Stade de Luxembourg den 8. September géint Belarus.
Weider Informatioune fannt Dir um Internetsite vun der FLF.
Am meeschte gelies