Extremsportler Jonas Deichmann realiséiert Weltrekord

© AFP
Den Extremsportler Jonas Deichmann huet seng 106. Laangdistanz am Triathlon absolvéiert. Bei sengem Weltrekord gouf hie vu ville Leit gefeiert.
De Jonas Deichmann huet et gepackt a mat der 106. Triathlon-Laangdistanz iwwer 3,8 Kilometer Schwammen, 180 Kilometer Vëlofueren an 42 Kilometer Lafen ouni een Dag Paus en neie Weltrekord opgestallt. Den ale Weltrekord hat de Sean Conway.
De 37 Joer alen däitschen Extremsportler huet säi Weltrekord-Triathlon en Donneschdeg zu Roth an Däitschland gemaach. Am Zil gouf hie vun e puer Honnert Leit frenetesch empfaangen. Den Däitsche gouf och op der Streck vu ville Sportler a Sportlerinne begleet. Beim Lafe waren et der eng ronn 200.
Den 9. Mee huet de Jonas Deichmann säi Rekordversuch gestart. Mëttlerweil huet hie bei senger "Challenge 120" 402,8 Kilometer am Waasser zeréckgeluecht, ass 19.080 Kilometer Vëlo gefuer a 4.452 Kilometer gelaf.
De Weltrekord geet dem Jonas Deichmann awer nach net duer. Hie mécht nach weider. Hie wëllt op 120 Ironmane kommen, dat ass d'Gesamtzomm vun der Distanz, déi hie bei sengem Triathlon ëm d'Welt vu September 2020 bis November 2021 zeréckgeluecht hat.