ManCity dréint de Match bannent 5 Minutten

© AFP
Den englesche Champion Manchester City gewënnt 4:1 géint Ipswich, wärend de Lokalrival Manchester United 1:2 zu Brighton verléiert.
An der Premier League feiert Manchester City am zweete Match déi zweet Victoire, genee wéi Brighton & Hove Albion. Manchester United muss dogéint déi éischt Néierlag an der neier Saison verdauen an Tottenham sammelt déi éischt Kéier an der Saison 3 Punkten. An der Owespartie huet och Arsenal eng zweet Victoire an der neier Saison gefeiert.
An der franséischer Ligue 1 bleift Monaco um PSG drun. E Freideg haten d'Präisser Montpellier 6:0 ofgezunn, e Samschdeg konnten d'Monegassen 2:0 zu Lyon duerchsetzen.
An Italien gouf et an der Serie A um zweete Spilldag zwou Iwwerraschungen. Udinese a Parma hunn hir Matcher géint Lazio Roum an den AC Mailand gewonnen a stinn elo provisoresch un der Tabellespëtzt. Fir Mailand a Roum waren et déi éischt Néierlagen.
Bundesliga
De Resumé vum 1. Spilldag vun der Bundesliga fannt Dir hei.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Brighton & Hove Albion - Manchester United 2:1
1:0 Welbeck (32'), 1:1 Traoré (60'), 2:1 Joao Pedro (90'+5)
Manchester City - Ipswich Town 4:1
0:1 Szmodics (7'), 1:1 Haaland (12', Eelefmeter), 2:1 De Bruyne (14'), 3:1 Haaland (16'), 4:1 Haaland (88')
Den Opsteiger Ipswich, un deem den Ed Sheran zënter Kuerzem Undeeler hält, war fréi e Coup gelongen, mee de Skyblues si fënnef Minutten duergaangen, fir de Match zu hire Gonschten ze dréinen. Nieft dem De Bruyne hat den Erling Haaland nees e staarken Dag erwëscht. Säin Hattrick ware seng Goler 92, 93 a 94 a sengem 101. Match fir Manchester City.
Tottenham Hotspur - FC Everton 4:0
1:0 Bissouma (14'), 2:0 Son (25'), 3:0 Romero (71'), 4:0 Son (77')
Aston Villa - FC Arsenal 0:2
0:1 Trossard (67'), 0:2 Partey (77')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Parma Calcio - AC Mailand 2:1
1:0 Man (2'), 1:1 Pulisic (66'), 2:1 Cancellieri (77')
Udinese Calcio - Lazio Roum 2:1
1:0 Lucca (5'), 2:0 Thauvin (49'), 2:1 Isaksen (90'+5)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Olympique Lyon - AS Monaco 0:2
0:1 Ben Seghir (65'), 0:2 Camara (80')
An der éischter Hallschent kruten d'Spectateuren net vill ze gesinn, dofir awer ëmsou méi am zweeten Duerchgang. Monaco huet vun de Goler vum Ben Seghir a Camara profitéiert, fir dräi Punkte mat heem ze huelen. De Camara huet sech awer no sengem Gol zu zwou onsportlechen Aktiounen hiräisse gelooss an ass esou mat Giel-Rout vum Terrain gesat ginn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1