De Sven-Göran Eriksson, dee vun 2001 bis 2006 déi englesch Nationalekipp trainéiert huet, ass e Méindeg am Alter vu 76 Joer gestuerwen.

Hien huet de Kampf géint de Bauchspeicheldrüsekriibs verluer. "Hien ass haut de Moie friddlech am Krees vu senger Famill a sengem Haus zu Björkefors bei Sunne gestuerwen" esou säin Agent Bo Gustavsson an enger éischter Reaktioun.

Den Eriksson war deen éischten auslänneschen Trainer an der Geschicht vun den "Three Lions." Hien huet deemools den Trainerstull vum Kevin Keegan iwwerholl an huet dunn déi sougenannte "gëlle Generatioun" trainéiert. Spiller wéi den David Beckham, Steven Gerrard, Wayne Rooney oder Frank Lampard stoungen deemools am Kader.
 
E Liewenswonsch krut de Sven-Goran Eriksson awer nach erfëllt. Hie wollt ëmmer schonn d'Méiglechkeet kréien, zu Liverpool op der Trainerbänk ze sëtzen. Dëse Wonsch sollt dëst Joer am Mäerz an Erfëllung goen, wéi hie bei engem "Liverpool Legends"-Match géint Ajax Amsterdam als Trainer agesprongen ass.