D'Anzico an Andrade Brites nei mat dobäi, Olivier Thill net selektionéiert
Um Donneschdeg huet de Lëtzebuerger Futtball-Nationaltrainer de Kader fir déi éischt zwee Matcher an der neier Nations-League-Campagne bekannt ginn.
Blesséiert feelen de Vincent Thill, Yvandro Borges, Chris Philipps, Mirza Mustafic, Marvin Martins a Vahid Selimovic. Den Olivier Thill an de Seid Korac goufen net selektionéiert.
Gespaart mussen den Danel Sinani an de Maxime Chanot den éischte Match géint Nordirland de 5. September vu baussen nokucken.
Nei mat dobäi sinn de Kevin D’Anzico an de Christophe Andrade Brites.
Zeréck am Krees vun der Nationalekipp sinn donieft den Eric Veiga, den Edvin Muratovic, de Sofiane Ikene an den Timothé Rupil.
Den 8. September spillt d’FLF-Selektioun da sonndes heiheem ëm 15 Auer géint Belarus. Fir den éischten Heemmatch sinn och nach Ticketen ze kréien.
"Irregularitéiten" um Terrain am Stade de Luxembourg
Allerdéngs steet nach ee grousst Fragezeichen hannert dem Match am Stade de Luxembourg. Et goufen Irregularitéiten um Terrain festgestallt. Et goufe Buedemprouwe geholl. Elo gëllt et ofzewaarden, wéi d’Resultater vun dësen Analysen ausfalen. Dat hunn eis d’Gemeng Lëtzebuerg an den Nationaltrainer confirméiert.
Den Terrain wier an engem "katastrophalen" Zoustand.
An Zesummenaarbecht mat där Firma, déi den Terrain erneiert huet, an der UEFA an FLF, géif elo no Solutioune gesicht ginn, sou d’Gemeng Lëtzebuerg weider.