Wat een iwwer den neien Champions-League-Modus wësse muss

© AFP
Wien ass dobäi? Wie kann op wien treffen? A wisou iwwerhëlt eng Software d'Auslousung? Déi wichtegst Froen an Äntwerten zum neien CL-Modus.
Op RTL kënnt Dir och dës Saison nees d'Champions League live suivéieren. Op RTL.lu fannt Dir donieft de Spillplang, d'Tabell, d'Statistiken an déi verschidden Ekippen.
Wéi vill Ekippe spillen an der Champions League?
Bis ewell waren 32 Ekippen an der Gruppephas vun der Champions League dobäi. Mam neie Modus si 36 Ekippe fir déi sougenannt Ligaphas qualifizéiert. Esou geet d'Unzuel vun de Matcher pro Saison vun 125 op 189 erop.
Wéi gesäit den neie Spillmodus vun der Champions League aus?
D'Gruppephas gehéiert der Vergaangenheet un. An Zukunft gëtt a Form vun engem Ligasystem gespillt. Allers- a Réckmatcher gëtt et net méi. All Veräin spillt véier Heem- a véier Auswäertsmatcher géint aacht verschidde Géigner - aus all Lousdëppen zwee. Ekippen aus der nämmlechter Federatioun kënne wéi bis ewell an der Virronn net openeentreffen. Eng Ausnam behält sech d'UEFA wuel fir eng "Sakgaass"-Situatioun bei der Auslousung vir, dës soll fir 2024/2025 awer ausgeschloss sinn. Nei ass awer: Bis zu zwee vun den aacht Géigner dierfen aus deem nämmlechte Land kommen. De BVB kann deemno theoretesch op Real Madrid an Atletico Madrid treffen.
Déi 36 Veräiner ginn an enger Tabell gefouert. Nodeems jidderee seng aacht Matcher gespillt huet, qualifizéiere sech d'Veräiner op de Plazen eent bis aacht direkt fir d'Aachtelsfinallen. D'Ekippen op de Plazen néng bis 24 spillen eng Playoff-Ronn, wärend d'Ekippen op de Plaze 24 bis 36 eliminéiert sinn.
Et réckelt keng Ekipp méi no an d'Europa League respektiv d'Conference League.
Wéi verleeft d'K.o.-Phas?
D'K.o.-Phas fänkt net méi mat den Aachtelsfinallen un, ma mat enger Playoff-Ronn vun den Ekippen op de Plazen néng bis 24. Dobäi sinn d'Plazen néng bis 16 gesat, dat heescht, dës Teams spille géint d'Ekippen op de Plaze 17 bis 24. D'Playoff-Dueller ginn ausgeloust.
D'Gewënner vun de Playoff-Dueller treffen dann an den Aachtelsfinallen op déi scho qualifizéiert Ekippen. Och déi Matcher ginn ausgeloust, bei der Auslousung vun den Aachtelsfinalle gëtt och de Rescht vum Tournoi bestëmmt.
All d'K.o.-Dueller ginn am gewinnte Modus mat Allers- a Retourmatcher gespillt.

© AFP
Wéini sinn d'Auslousungen?
D'Auslousung fir d'Ligaphas ass en Donneschdeg, den 29. August um 18 Auer. De finaliséierte Spillplang gëtt e Samschdeg, den 31. August publizéiert.
Déi klassesch Auslousung mat de Lousdëppen ass mam neie Modus net méi méiglech. Der Uefa no wieren iwwer 1.000 Louskugelen a 35 Dëppen néideg. Dofir iwwerhëlt elo eng Software d'Auslousung.
D'Auslousung vun den Aachtelsfinalle bis d'Finall ass den 21. Februar 2025.
Wéi gesinn déi véier Lousdëppen aus?
Dëppen 1: Real Madrid, Manchester City, FC Bayern München, Paris Saint-Germain, FC Liverpool, Inter Mailand, Borussia Dortmund, RB Leipzig, FC Barcelona
Dëppen 2: Bayer 04 Leverkusen, Atletico Madrid, Atalanta Bergamo, Juventus Turin, Benfica Lissabon, FC Arsenal, Club Brügge, Schachtar Donezk, AC Mailand
Dëppen 3: Feyenoord Rotterdam, Sporting Lissabon, PSV Eindhoven, Dinamo Zagreb, RB Salzburg, Lille OSC, Roude Stär Belgrad, Young Boys Bern, Celtic Glasgow
Dëppe 4: VfB Stuttgart, Sturm Graz, Stade Brest, Slovan Bratislava, AS Monaco, Sparta Prag, Aston Villa, FC Bologna, FC Girona
Wéini ginn d'Matcher gespillt?
1. Spilldag: 17./18./19. September 2024
2. Spilldag: 1./2. Oktober 2024
3. Spilldag: 22./23. Oktober 2024
4. Spilldag: 5./6. November 2024
5. Spilldag: 26./27. November 2024
6. Spilldag: 10./11. Dezember 2024
7. Spilldag: 21./22. Januar 2025
8. Spilldag: 29. Januar 2025
K.o.-Ronn-Playoffs: 11./12. an 18./19. Februar 2025
Aachtelsfinall: 4./5. an 11./12. Mäerz 2025
Véierelsfinall: 8./9. a 15./16. Abrëll 2025
Halleffinall: 29./30. Abrëll a 6./7. Mee 2025
Finall: 31. Mee 2025 zu München