De Joshua Kimmich ass neie Kapitän vun der däitscher Nationalekipp

© SID/TOBIAS SCHWARZ / AFP
Nodeems den Ilkay Gündogan aus der däitscher Nationalekipp zeréckgetrueden ass, huet de Bundestrainer sech no engem neie Kapitän missen ëmkucken.
Säi Choix ass dobäi op den 29 Joer ale Joshua Kimmich gefall, dee fir den FC Bayern München spillt.
Et ass net wierklech nei fir de Kimmich, well hien hat de Kapitänsbändche scho 7 Mol un, als Vertrieder vum eigentleche Kapitän. Den Nationaltrainer Nagelsmann huet erkläert, dass de Kimmich de logeschen Nofollger vum Gündogan wier. Hie géif mat senger Mentalitéit d'Ekipp uféieren.
Falls de Kimmich sollt ausfalen, sinn elo den Antonio Rüdiger an de Kai Havertz seng Vertrieder. Mat deenen 3 Spiller hätt een e gudde Mix, esou den Nagelsmann weider.
De Marc André ter Stegen gouf iwwerdeem als nei Nummer 1 am Gol bestëmmt. Hien ersetzt hei de Manuel Neuer, deen den 21. August säi Récktrëtt aus der Nationalekipp erkläert hat.