D'Reunioun tëscht dem Lëtzebuerger Comité Olympique an der Dëschtennisfederatioun ass fir den 11. Oktober virgesinn. 

De Lëtzebuerger Comité Olympique äussert sech nach net iwwert d‘Aussoen, déi Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun FLTT d‘lescht Woch am Kader vun enger Pressekonferenz iwwert d‘Olympesch Summerspiller zu Paräis, an an deem Kontext iwwert den COSL, gemaach huet.

Op där Pressekonferenz vun der FLTT ass et ënnert anerem ëm Äusserunge vun der Spillerin Sarah de Nutte gaangen, déi gäre bei hirem Match an der franséischer Haaptstad hiren Trainer nieft dem Dësch gehat hätt. Op eemol war bei Olympia, duerch de stramme Spillplang vun de Lëtzebuerger Dëschtennisspiller, d‘Méiglechkeet vum COSL do, fir der Sarah de Nutte hirem Trainer Peter Teglas eng néideg Coach-Akkreditatioun ze ginn. Bei der Dëschtennisfederatioun huet een awer un der initialer Ofmaachung festgehalen, datt just den Tommy Danielsson sollt coachen.

Den COSL schreift e Méindeg, datt een et beim Daachverband vum privat organiséierte Sport hei zu Lëtzebuerg privilegéiert, am konstruktive perséinlechen Echange mat de Federatioun ze stoen. De Comité Olympique bedauert och, datt d‘FLTT sech iwwert d‘Press iwwert den COSL äussert, ouni d‘Conclusioune vun der Entrevue ofzewaarden.