Head of Basketball vun der FLBB am Interview
Ken Diederich optimistesch, datt een déi nächst Joren nach gutt opgestallt ass
Den Head of Basketball vun der FLBB Ken Diederich war e Sonndeg den Owend den Invité am Rebound.
Am nationale Basket ass zanter dem Weekend d'Summerpaus eriwwer. Den 1. Spilldag am Championnat stoung um Programm.
Am Rebound huet de Jeff Kettenmeyer mam Head of Basketball vun der FLBB, dem Ken Diederich, e Bléck op d'Lëtzebuerger Championnat gehäit: Wie sinn d'Favoritte bei den Dammen an den Hären, wéi ass den Niveau a wéi ass bis ewell de Feedback a puncto "Non-Jicl"-Reegel?
Am Gespréich mam Nationaltrainer vun den Hären ass et awer och ëm d'Nationalekipp an hir nächst Aufgabe gaangen. An Theema war och den Nowuess am Basket a wéi een déi Jonk fir dëse Sport begeeschtere wëll.
Am meeschte gelies