Duerch e Gol vum Duran an der 79. Minutt huet Aston Villa géint Bayern gewonnen. Juventus huet donieft an Ënnerzuel zu Leipzig d'Iwwerhand behalen.

Fir d'Clibb aus der spuenescher Haaptstad Madrid war et kee gelongenen Owend. Fir déi grouss Surprise huet Lille mam 1:0-Succès géint Real Madrid gesuergt. Benfica Lissabon huet och iwwerraschend kloer mat 4:0 géint Atlético Madrid gewonnen. De Lëtzebuerger Leandro Barreiro gouf bei de Portugisen an der 86. Minutt agewiesselt.

Liverpool a Bruges konnte Victoirë feieren. En 2:2-Remis gouf et tëscht Zagreb a Monaco.

Am fréien Owend hat sech Feyenoord zu Girona duerchgesat an Donezk hat beim 0:3 keng Chance géint Bergamo.

Aston Villa - Bayern München 1:0
1:0 Duran (79')

Déi bescht Zeenen aus dem Match tëscht Aston Villa géint Bayern München.
D'Englänner hu sech mat 1:0 géint den däitsche Rekordchampion duerchgesat.

Bayern München huet an den éischte 15 Minutten d'Heft an d'Hand geholl a war dominant. De Kimmich huet de Ball zweemol geféierlech virun de Gol bruecht, mee de Kane an de Gnabry konnten näischt doraus maachen.

An der Ofwier war Bayern awer wackeleg, den Upamecano hat Problemer, de Watkins an de Grëff ze kréien. An der 22. Minutt konnt de Pau Torres de Ball no engem Gewulls am Strofraum laanscht de Neuer an de Gol spëtzelen. De VAR huet wéinst Abseits agegraff an et stoung weiderhin 0:0. Kuerz drop huet den Onana aus enger gudder Positioun ze harmlos ofgeschloss. Aston Villa war elo gutt am Match an huet Bayern vum eegene Gol ewech gehalen. Bis an d'Paus sinn d'Bayern just nach mam Gnabry a mat engem Wäitschoss vum Olise geféierlech ginn, d'Säite goufen awer mam 0:0 gewiesselt.

An der 2. Hallschent goung et hektesch mat ville Ballverloschter op béide Säite lass. D'Gäscht sinn awer lues a lues méi staark ginn an hätten an der 57. Minutt kéinten a Féierung goen. Déi zwee Golschëss vum Olise konnte vun der géignerescher Ofwier geblockt ginn. An der Suite war et méi roueg a béid Ekippe ware virum Gol net geféierlech.

An der 79. Minutt ass Aston Villa awer a Féierung gaangen. No engem wäite Ball no vir stoung den Neuer ze wäit virum Gol an de Duran huet de Ball am Filet ënnerbruecht.

An der Schlussphas wollt Bayern op de Remis spillen an hat an der 90. Minutt déi grouss Chance op den Ausgläich. De Gnabry ass aus kuerzer Distanz awer um Martinez hänke bliwwen. An der Nospillzäit huet de Golkipp nach emol gutt géint de Kane gehalen. Um Enn hunn d'Englänner knapp géint Bayern München gewonnen.

Girona - Feyenoord 2:3
1:0 David Lopez (19'), 1:1 Herrera (23', Selbstgol), 1:2 Milambo (33'), 2:2 van de Beek (73'), 2:3 Krejci (79', Selbstgol)

Benfica Lissabon - Atlético Madrid 4:0
1:0 Aktürkoglu (13'), 2:0 di Maria (52', Eelefmeter), 3:0 Bah (75'), 4:0 Kökcü (84', Eelefmeter)

Dinamo Zagreb - Monaco 2:2
1:0 Sucic (45+3'), 2:0 Baturina (66'), 2:1 Salisu (74'), 2:2 Zakaria (90', Eelefmeter)

D'Resuméë vun de Matcher Girona - Feyenoord, Benfica - Atlético a Zagreb-Monaco.
Béid spuenesch Ekippe sinn als Verléierer vum Terrain gaangen. E Remis gouf et tëscht Zagreb a Monaco.

Shakthar Donezk - Atalanta Bergamo 0:3
0:1 Djimsiti (21'), 0:2 Lookman (44'), 0:3 Bellanova (48')

Liverpool - Bologna 2:0
1:0 Mac Allister (11'), 2:0 Salah (75')

Leipzig - Juventus 2:3
1:0 Sesko (30'), 1:1 Vlahovic (50'), 2:1 Sesko (65', Eelefmeter), 2:2 Vlahovic (69'), 2:3 Conceicao (82')

D'Resuméë vun de Matcher Donezk - Atalanta, Liverpool - Bologna a Leipzig - Juve
Atalanta huet Donezk keng Chance gelooss a Liverpool konnt Bologna mat 2:0 klappen. Juventus huet an Ënnerzuel zu Leipzig gewonnen.

Lille - Real Madrid 1:0
1:0 David (45+3', Eelefmeter)

Sturm Graz - Bruges 0:1
0:1 Tzolis (23')

D'Resuméë vun de Matcher Lille - Real Madrid a Sturm Graz - Bruges.
Lille iwwerrascht Real Madrid mat engem 1:0-Succès a Bruges konnt zu Graz gewannen.

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.