En Donneschdeg hat de Rafael Nadal annoncéiert, datt hien Enn November no der Davis-Cup-Finall d'Tennisrackett un den Nol wäert hänken.

Tëscht 2005 an 2017 huet de Gilles Muller 6 Mol géint de Spuenier gespillt. Zwee Mol huet de Lëtzebuerger gewonnen a véier Mol de Rafael Nadal. Déi zwou Victoirë vum Gilles Muller waren allkéiers zu Wimbledon. Legendär ass säi Succès vun 2017. No 5 Sätz a 4 Stonnen a 45 Minutten ass déi fréier Nummer 21 op der Welt als Gewënner vum Terrain gaangen a stoung an de Véierelsfinallen. Eleng de leschte Saz huet 2 Stonnen a 15 Minutte gedauert. 
 
Am RTL-Interview huet de Gilles Muller erzielt, wat fir ee Lach de Rafael Nadal hannerléisst a wéi seng Relatioun zu der Tennis-Legend war.

De Gilles Müller iwwer de Rafael Nadal