Dikrech gëtt d‘Sensatioun géint Käerjeng an de leschte Minutten aus der Hand. Diddeleng an Déifferdeng feiere kloer Victoiren.

Axa League Hären

Am Spëtzematch, deen um Enn kee Spëtzematch war, gewënnt den HC Bierchem 39:28 géint den HB Esch. Esch war duerch eng Rei Blessure staark ersatzgeschwächt an de Match gaangen. Bis op den 1:0 louch d’Ekipp aus der Minettmetropol ëmmer hannen. Bierchem konnt de Match no enger Véierelsstonn u sech rappen an de Virsprong eng éischt Kéier op iwwer 5 Goler ausbauen. D’Feele vun ë.a. Hugo Costa Ferreira an Ognjen Jokic war den Escher ëmmer méi unzemierken, déi sech awer net opginn hunn.

Och am Ufank vun der zweeter Hallschent konnt Bierchem net wierklech dovun zéien, wat de Match spannend gehalen huet. De Bierchemer Virsprong blouf bis zur 40. Minutt bei 5-6 Goler, ass duerno awer op maximal 14 Goler ugewuess. Virun allem de Lé Biel hat Spaass um Match – de Bierchemer konnt 13 Goler schéissen. Opfälleg waren och déi 18 Zäitstrofen, déi vun den Arbittesche verdeelt goufen, obwuel et keen immens haarde Match war.

Dikrech verpasst et, Big Points am Kampf ëm d’Plaz 6 ze sammelen. De Chev louch laang vir, mee um Enn feiert Käerjeng eng 34:29-Victoire. D’Spectateuren an der Dikrecher Hal hu sech an den éischten 30 Minutten d’Ae geriwwen, well net de Goliath huet de Match gemaach, mee den David. De Chev war mat engem 6:2 an de Match gestart a konnt sech tëschenzäitlech souguer eng Avance vu 5 Goler erausspillen. Virun der Paus huet sech Käerjeng awer nach erkritt a koum op 2 Goler erun (15:17).

Käerjeng konnt nom Säitewiessel séier gläichzéien an de Match blouf bis zur 50. Minutt enk. Du konnt sech Dikrech mat zwee Goler ofsetzen, mee si haten d’Rechnung ouni Käerjeng gemaach. D’Ekipp vum Trainer Zoran Radojevic huet an der Crunchtime d’Rou behalen a goung um Enn als Gewënner vum Terrain.

De Rekordchampion HB Diddeleng huet sech beim 40:18 am Derby géint d’Esperance Rëmeleng keng Bléisst ginn. Scho beim Stand vu 15:4 no 20 Minutte war kloer, wien als Gewënner vum Terrain goe géif. Bis zur Paus ass de Score op 22:9 geklommen. An der zweeter Hallschent ass de Score quasi verduebelt ginn. Op Diddelenger Säit hu sech carrement véier Spiller (Zekan, Ilic, David Etute, Samuel Etute) mat 6 Goler an d’Statistik agedroen.

D’Red Boys Déifferdeng, déi um Samschdegmoie an der Persoun vum Patrick Reder en neie President gewielt hunn, hu sech souverän beim HC Standard duerchgesat. Um Enn stoung e 25:17 um Tablo. D’Ekipp vum Trainer Nikola Malesevic louch schonn no 20 Minutten 10:3 vir. Nom Pausestand vun 13:5 fir déi Rout huet Déifferdeng näischt méi ubrenne gelooss.

Axa League Dammen

Den HB Esch huet sech beim 29:22 géint den HC Standard méi schwéier gedoe wéi erwaart. De Score war déi ganz éischt Hallschent iwwer ekilibréiert an Esch goung mat just engem Gol Avance (14:13) an d’Kabinnen. Bis ongeféier d’40. Minutt blouf et enk, mee dunn ass Esch den néidegen Ecart gelongen, fir sech um Enn dann awer kloer duerchzesetzen.

Den HB Museldall huet a sengem éischte Match nom Rebranding kloer 37:22 beim HC Atert Réiden gewonnen. Domat ënnermaueren d’Miselerinnen hir Ambitiounen op eng Plaz am ieweschten Drëttel vun der Tabell.

De Rekordchampion Käerjeng hat sech ënnert der Woch an engem virgezunne Match 27:19 géint Dikrech duerchgesat. Fir Käerjeng steet e Sonndeg den zweete Match am EHF European Cup an Nordmazedonien um Programm.

Den amtéierende Champion Diddeleng war e Samschdeg och um internationale Parquet ënnerwee an huet sech mat engem 30:18 géint Velo fir den nächsten Tour qualifizéiert.