Aus lëtzebuergescher Siicht gouf et mat der Presenz vum Emma Barthel an der A-Finall vum 400 Meter Quatre Nages schonn um éischten Dag vun der Kompetitioun en Highlight. Viru ronn fënnef Wochen hat déi eréischt 15 Joer al Schwëmmerin en neien nationale Rekord iwwert dës Distanz realiséiert. Net méi spéit wéi en Donneschdeg hat d’Emma eis gesot, dass si gutt virbereet wier a sech gutt am Waasser géing spieren. Et houng deemno en nationale Rekord an der Luucht. Mais all Course huet seng eege Spezifizitéiten.
D’Course gouf vun der Brittin Amalie Smith, der Junior-Europameeschterin a Vizeweltmeeschterin gewonnen. D’Emma Barthel gouf Siwent, ronn zwou Sekonne vum Rekord ewech. Déi jonk Schwëmmerin war enttäuscht. Esou Erfarunge gehéieren zum Wee un d’Spëtzt.
Den nationale Rekord am 200 Meter Delfin gehéiert dem Joao Carneiro, deen de Sprong net an d’A-Finall gepackt hat. Hie gouf Sechsten an der B-Finall. D’Konzentratioun läit op de Brasse Disziplinnen, wou den Duell mam Finn Kemp e Samschdeg wäert op der Dagesuerdnung stoen. Dës Kompetitioune si vun engem extrem héijen Niveau mat enger grousser Densitéit. Dat versprécht fir déi zwee nächst Deeg.
Satisfaktioun gouf et och an der Lëtzebuerger Selektioun, mat der Presenz vum Florian Frippiat an der A-Finall vum 200 Meter Papillon. Hei gouf hien Aachte mat ronn dräi Sekonne vu senger Beschtzäit ewech.
Et gouf och deen éischte Meeting-Rekord vum Helena Rosendahl Bach op den 200 Meter Delfin. D’Dänin war virun zwee Joer Weltmeeschterin. Domadder ass den Euromeet lancéiert, dee mir och e Samschdeg an e Sonndeg op RTL ZWEE an op RTL.lu live wäerten iwwerdroen.