Diddeleng dominéiert Walfer, Damme vum Gréngewald eleng un der Tabellespëtzt

© Shari Schenten
Um Samschdeg stoungen an der Enovos League bei den Dammen an Häre Matcher vum 5. Spilldag um Programm.
Hären
Den T71 Diddeleng huet géint d'Résidence Walfer vun Ufank un ënnerstrach dass déi 2 Punkte géifen zu Diddeleng bleiwen. D'Lokalekipp war oft mindestens ee Schrëtt ze schnell fir de Géigner, deen huet missen op 1 Profi (Helmstadter) verzichten. Diddeleng huet och net méi zougelooss dass Walfer zeréck an de Match kënnt a wënnt mat 104:87. Mat 33 Punkte war de Brandon Randolph beschte Scorer vu senger Ekipp.
D'Etzella Ettelbréck huet sech géint d'Sparta Bartreng schonn am zweete Véierel entscheedend ofgesat a wënnt souverän mat 83:69. De Jimmie Lee Taylor konnt senger Ekipp mat 26 Punkten zur Victoire verhëllefen.
De Champion Amicale Steesel setzt sech mat 97:85 géint d'Arantia Fiels duerch. D'Gäscht hu gesondheetsbedéngt missen op e puer Spiller verzichten, ënner anerem op déi zwee Profispiller. De Fielsser ass et trotzdeem gegléckt de Match iwwerraschend laang oppen ze gestalten an dogéint ze halen. De Jarvis Williams an den Alex Laurent hunn allebéid 24 Punkten markéiert.
Ouni de gespaarten Profi Foster ass den AB Conter géint Munneref engem freie Réckstand hannendru gelaf. D'Lokalekipp huet d'Kéier awer séier kritt an séchert sech um Enn eng 78:70 Victoire géint den Opsteiger. De Riley Grigsby war mat 25 Punkten beschte Spiller op Säiten vun der Heemekipp.
Um Sonndeg wënnt de Basket Esch mat 95:83 zu Mamer. D'Gäscht konnte sech mat engem Laf um Ufank vum véierte Véierel entscheedend ofsetzen. 4 Spiller vum Basket Esch hunn eng zweestelleg Zuel u Punkte markéiert, den Jeffry Monteiro konnt mat 20 Punkten iwwerzeegen.
Um Freideg hat sech den Opsteiger US Hiefenech am Kellerduell mat 86:81 géint d'Musel Pikes duerchgesat.
Dammen
Bei den Damme gouf de komplette 5. Spilldag um Samschdeg gespillt.
Am Spëtzematch stounge sech de Champion Gréngewald Hueschtert an d'Sparta Bartreng géintiwwer. Béid Ekippe waren no 4 Spilldeeg ongeschloen. D'Gäscht vu Bartreng si staark an de Match gestart a louchen an der Paus 51:39 a Féierung. De Champion huet de Match am drëtte Véierel gedréint a setzt sech no enger spannender Schlussphas mat 83:79 duerch. D'Nationalspillerin Amanda Cahill konnt 27 Punkten zur Victoire vun der Lokalekipp bäisteieren.
Den T71 Diddeleng setzt sech géint den AB Conter fréi of a wënnt um Enn mat 75:57. D'Joyce Isi Etute konnt dobäi 24 Punkten zur Victoire vun der Lokalekipp bäisteieren.
D'Amicale Steesel wënnt ënner dem Impuls vum Mikayla Ferenz (22 Punkten) mat 78:57 géint de Basket Esch. D'Gäscht hu missen op d'Tatsiana Likhtarovich verzichten, donieft huet d'Ekipp aus dem Süden nëmmen 2 vun 18 Versich aus der Distanz getraff.
Wolz huet verletzungsbedéngt missen op eng Profispillerin verzichten, dofir huet d'Trainerin Zoritsa Mitov d'Schong nees ugedoen a selwer matgespillt. D'Gäscht aus dem Norde setze sech mat 76:61 géint d'Musel Pikes duerch a sécheren sech domat déi éischt Victoire vun der Saison, d'Lokalekipp vun der Musel bleift ouni Victoire.