Zum Ofschloss vum 3. Spilldag vun der Nations League sinn an der Liga A ënner anerem Spuenien an Dänemark souwéi Polen a Portugal openeegetraff.

An der Liga A gouf et am Grupp 4 eng verdéngt 1:0-Victoire fir den Europameeschter Spuenien géint Dänemark. D'Lokalekipp huet sech an der éischter Hallschent nach offensiv schwéier gedoen a war ufälleg fir dänesch Konter. Am zweeten Duerchgang huet "La Furia Roja" Dänemark dunn net méi an de Match komme gelooss an d'Partie ëmmer méi an d'Hallschent vun de Visiteure verlagert. An der Schlussphas war et dunn de Zubimendi, dee seng Faarwe mat engem Distanzschoss erléist huet a säi Land domat op déi éischte Plaz vum Grupp bruecht huet.

Am Grupp 1 huet Polen sech misse mat 1:3 géint Portugal geschloe ginn. D'Portugisen hunn déi éischt 45 Minutten dominéiert a sinn no enger knapper hallwer Stonn duerch de Bernardo Silva verdéngt a Féierung gaangen. Nach virun der Paus huet de Ronaldo no engem Schoss op de Potto vum Leao aus kuerzer Distanz op 0:2 erhéicht. An der zweeter Hallschent hunn d'Visiteuren e wéineg de Fouss vum Gas geholl an nom Gol vum Zielinski eng Véierelsstonn viru Schluss ass et nach eemol spannend ginn, ma dem Bednarek säi Selbstgol huet de Match an der 88. Minutt decidéiert.

An der anerer Partie vum Grupp 1 huet Kroatien sech um fréien Owend mat 2:1 géint Schottland behaapt. De Christie hat no enger gudder hallwer Stonn d'Féierung fir d'Schotte markéiert, Kroatien huet awer just e puer Minutten drop duerch de Matanovic ausgeglach. Kroatien huet no der Paus den Drock erhéicht an huet d'Partie no 70 Minutten duerch ee Kappball vum Kramaric gedréint. Schottland huet an der Suite nach eng grouss Chance op d'Féierung ongenotzt gelooss, wouduerch d'Kroaten déi 3 Punkte bei sech halen.

D'Resultater vun der Nations League

Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.

Ekippen